Logement
Manner Loyer froen ass eng gutt Saach

Et freet ee manner Loyer a gëtt dofir dann vum Steieramt finanziell bestrooft? Dës Onlogik ass eng Realitéit hei zu Lëtzebuerg.
D’Piraten hu sech an der Chamber dofir ausgeschwat, dass Schluss domadder muss sinn. All Wunnengsbesëtzer, dee seng Wunneng zu engem faire Präis verlouhnt aplaz zum maximale Maartpräis, sollt dofir Merci gesot kréien aplaz bestrooft. D’Methoden vun der Steierverwaltung mussen änneren fir méi erschwénglech Mietwunnengen ze kréien an d’Vertrauen tëschent Locatairen a Proprietairen ze stäerken, ouni dass de Staat hannert allem muss stoen.
Leider deelt CSV-DP-Regierung dës Meenung net an huet eis Propose eiskal ofgeleehnt.
Text vun eiser Motioun:
D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:
- De Rapport annuel 2022 vum Ombudsman nennt ee Fall (Location d’un logement à un membre de famille [2022/33]), an deem ee Proprietaire vun enger Wunneng dës fir ee reduzéierte Loyer verlouhnt huet, wat fir ee Konflikt tëschent der Steierverwaltung an dem Besëtzer gesuergt huet betreffend de Charges déductibles beim Akommes vum Loyer, well de gefrotene Loyer ënnert dem Duerchschnëttsloyer an der Gemeng loung;
- de Fall 2022/33 aus dem Rapport weist, dass och um Privatmarché Wunnengsbesëtzer existéieren, déi net de maximale Loyer froen, dee se kéinte froen, an dës Besëtzer droen soumadder zur Schafung vun erschwéngleche Wunnraum hei am Land bäi;
- Wunnengsbesëtzer, déi hir Wunneng iwwert de Modell vun der Gestion locative sociale (GLS) verlouhnen, kënnen 90% vum Loyer steierfräi behalen;
Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:
- een Incentive auszeschaffen, fir Wunnengsbesëtzer, déi um private Marché erschwéngleche lokative Wunnraum schafen, steierlech z’entlaaschen.
- sech heifir op Krittären vun der Gestion locative sociale (GLS) ze stäipen.
- kloer ze stellen, datt kee Wunnengsbesëtzer obligéiert dierf ginn, fir de maximal méigleche Loyer ze froen.
Verlaf an der Chamber