Connect with us

Mobilitéit

Primme fir E-Camionen

Am Moment schaffe verschidde Firmen un der Produktioun vu reng elektresch bedriwwene Camionen. Éischt Modeller, déi bis zu 650km Reechwäit sollen hunn, si schonn um Marché. Fir dës Camione brauch de Betrib, deen esou Camione besetzt, speziell Luetstatiounen, déi ee gutt Stéck méi performant sinn, wéi d’Elektrobornë fir d’Autoen. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Plangt d’Regierung, fir d’Primme fir d’Elektroautoen an Camionetten och op E-Camionen auszewäiten? Wa jo, wéi eng Primme wäerte fir dës Camione virgesi sinn? Wann nee, firwat net?

  2. Plangt d’Regierung fir d’Primmen op d’Elektrobornë fir Autoen och op méi performant „Megabornen/Megacharger“ déi bis zu 1 MWh Leeschtung bréngen auszewäiten? Wa jo, wéi eng Primme wiere virgesinn? Wann nee, firwat net?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5136

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert