Connect with us

Finanzen & Steieren

Reform vun der Akommessteier a Nettosteierzuehler – Nofro

Iwwert d’Akommessteier kommen fir 2025 ronn 8 Milliarden Euro an d’Staatskeessen. Domadder finanzéieren d’Salariéeën, d’Independanten an d’Pensionnären direkt ee Véierel vum ganze Staatsbudget. An der Analyse des données fiscales au Luxembourg 2021 hat den Conseil économique et social (CES) d’Feststellung gemaach, dass ee klengen Deel vun de Steierzueler de Groussdeel vun der Akommessteier finanzéiert:
„4,5% du total des ménages contribuent à 43,2% des recettes au titre de l’impôt sur le revenu (classes de revenu 130.000 EUR à > 1.000.000 EUR).“ (Säiten 122-125).

De Finanzminister huet interessant Schätzungen dozou geliwwert, wéi vill Leit zu Lëtzebuerg Nettosteierzueler sinn. Deemno wieren „ongeféier 66% vun de Stéit an der Steierklass 1 Nettosteierzueler (Steier > 0€). An der Steierklass 1A beleeë sech dëse Prozentsaz op ronn 54% an an der Steierklass 2 op ronn 90%.“ De Finanzminister ass och der Meenung, dass et net méiglech ass, fir belaaschtbar Aussoen iwwer d’Unzuel vun Nettosteierzueler ze maachen, ugesiichts vun der Unzuel un Allocatiounen a Servicer, déi hei missten a Betruecht gezu ginn. (Äntwert op meng parlamentaresch Fro n° 2401).

D’Reform vun der Akommessteier, déi d’CSV-DP plangt, soll de Staat all Joer ronn 800 Milliounen Euro méi kaschten. D’Reform soll dann och virun allem de Portmonnien vun de Leit am Mëttelstand zegutt kommen. D’Fro ass, wien bis zum Mëttelstand Nettosteierzueler ass an dovunner profitéiere wäert. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Euro hëllt de Staat iwwert d’Akommessteier pro Stot eran (Duerchschnëtt a Median, opgelëscht no Steierklass)?

  2. Huet d’Regierung, am Kader vun der geplangter Steierreform bei der Akommessteier, een Iwwerbléck doriwwer, wéi vill de Staat pro Persoun fir d’Liewen vum Bierger finanzéiert?

  3. Kann d’Regierung Zuele liwweren fir all concernéierte Ministère, wéi vill de Staat am Duerchschnëtt pro Stoot fir
    • Sozialleeschtungen (Finanzéierung vum Office social pro Dossier, Duerchschnëttsmontant vun der Subvention de loyer, etc.)
    • Kannergeld,
    • Steierkrediter bei der Akommessteier,
    • Steierkreditter um Logement (Ofsetzen vun Immobilienzënsen)
    • Bildung (Duerchschnëttskäschten pro Schüler hei am Land)
    • Kannerbetreiung (Duerchschnëttskäschten fir eng Plaz an enger Maison Relais oder Crèche),
    • Altersfleeg (Duerchschnëttskäschten fir all Senior an engem Fleegeheem),
    • Gesondheet (Duerchschnëttsleeschtung déi d’CNS all Joer pro Assuré finanzéiert),
    • Sécherheet (Duerchschnëttskäschten vun engem Polizist, Pompjeeë),

    bezillt? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2895

Continue Reading