Connect with us

Ëffentlechen Déngscht

Schlecht Stëmmung am Ëmweltministère

Een Artikel am Tageblatt vum 26ten November beriicht iwwert eng schlecht Aarbechtsatmosphär am Ëmweltministère. Rieds ass vun onfairen Prozeduren, Favoritismus beim Rekrutement an enger gewëssener Arroganz vum Management vis-à-vis vum Personal. Am Artikel steht och geschriwwen: „Das Umweltministerium befinde sich „mitten im Prozess“, um das Wohlbefinden auf dem Arbeitsplatz zu verbessern.“ Dës Ausso kann een als Bestätegung liesen, dass d’Wuelbefannen op der Aarbecht am Ëmweltministère aktuell net gutt ass.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wat wäert den Ëmweltminister, Serge Wilmes, ënnerhuelen, fir d’Situatioun um Ëmweltministère ze verbesseren?

  2. Wat fir eng weider Aktioune wäert de Minister fir den ëffentlechen Déngscht, Serge Wilmes, ënnerhuelen, fir dem Ëmweltministère am Prozess z’ënnerstëtzen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3269

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert