Connect with us

Mobilitéit

Ausschreiwung vum Schülertransport am Süden ab 2026

Um Portail des marchés publics ass aktuell eng Ausschreiwung vum Mobilitéisministère publizéiert (Referenz 2500356), deen de Schülertransport am Süden vum Land betrëfft.

Am Staatsbudget fir 2025 sinn 54 Milliounen virgesinn fir d’Konventioun mam TICE a ronn 52 Milliounen fir de Schülertransport. (Budgetsposten: 

  • Services publics d’autobus assurés par le Syndicat des T.I.C.E. en exécution de la convention conclue avec l’Etat – Cnlsde;
  • Transports scolaires assurés par des entreprises privées en exécution des contrats de services publics conclus avec l’Etat).

An deem Zesummenhang wéilt ech der Madamm Ministesch dës Fro stellen:

  1. Handelt et sech bei dëser Ausschreiwung ëm de Schülertransport, deen aktuell nach vum TICE realiséiert gëtt?
  2. Kann d’Ministesch bestätegen, dass och net-usässeg europäesch Firme fir dës ëffentlech Ausschreiwung zougelooss sinn?
  3. Wéi vill Suen kritt den TICE dëst Joer fir de Schülertransport?

Fro n° 1999

CHD

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert