Connect with us

Questions parlementaires

Verréngerung vun der Liewensmëttelverschwendung

An hirem Programm vun 2018 huet sech d’Regierung verflicht fir d’Iessensverschwendung ze verréngeren. Wéi een um Landwirtschaftsportal liest, goufen Enn 2022 am Duerchschnëtt 88,5kg Liewensmëttel pro Stot ewechgehäit. Dës wieren, laut Portal, zu 21% vermeidbar gewiescht.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi héisch war d’Liewensmëttelverschwendung 2018 (an kg pro Kapp)?

  2. Wéi héisch ass d’Liewensmëttelverschwendung haut (an kg pro Kapp)?

  3. Wéi vill ass d’Liewensmëttelverschwendung bis elo erofgaangen (an % an an absolutten Zuelen)?

  4. Wéi vill Prozent vun den Iessensoffäll ginn a Bio-Gas-Anlage verschafft?

  5. Wéi vill Prozent vun den Iessensreschter zu Lëtzebuerg goufe vu Stéit produzéiert? Wéi vill vun aneren Acteuren (Eenzelhandel, Restauratioun)?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 8207

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert