Questions parlementaires
Päerdsfleeschprodukter
Obwuel Päerdsfleech sech hautdesdaags manner Beléiftheet erfreet, ass et a villen traditionellen Kichen nach ee Bestanddeel vum Menü, sief et als Biftek, a Form vu Wurscht, Roulade oder Sauerbraten.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Wéi vill Tonne Päerdsfleesch ginn all Joer op Lëtzebuerg importéiert? Wat sinn déi 3 Haaptimportlänner?
A wat fir Länner sinn dës Päerd opgewues?
Wéi vill Päerd ginn all Joers hei am Land geschluecht? Wéi ginn d’Schluechtungen hei kontrolléiert?
QP Nummer 8226