Gemengen & Innepolitik
Zousatzversécherungen zu Luerenzweiler
 
																								
												
												
											An engem Artikel vum 6 Oktober huet den Inneministère Stellung bezunn zu der Affaire ronderëm zousätzlech Krankeversécherunge fir de Schäfferot vun der Gemeng Luerenzweiler. Hei gëtt kloer festgehalen, dass et sech bei der Gemeng hei em e Feelverhalen handelt, wellecht och esou am Gemengegesetz festgehalen ass. 2018 sinn dës Versécherungen decidéiert ginn, éischt 2023 ass et bei der Kontroll vum Budget vum Inneministère opgefall. Als Erklärung, behaapt e Conseiller aus dem Inneministère, dass ee beim Prinzip vun de Stéchprouwen net alles ka gesinn. Och, kann den Inneministère net soen, a wéi ville Gemengen dëst och nach de Fall ass.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
- Wéi erkläert sech de Minister, dass esou eng däitlech Verletzung vum Gesetz net zu de reegelméissege Krittäre vun enger Kontroll gehéiert, an net éischter opgefall ass ? 
- Wäert et säitens vum Inneministère Kommunikatiounen zu dësem Thema an de Finanzen am Allgemenge ginn ? 
- Huet de Ministère mëttlerweil Kenntnis doriwwer a wéi ville Gemengen et dëse Mëssstand gëtt? Falls net, aus wéi enge Grënn a wéini wäert de Ministère dës Kontroll duerchféieren ? 

