Connect with us

Questions parlementaires

Luetstatiounen a staatleche Gebaier

De Staat besëtzt aktuell ronn 1600 Gebaier a lount der 210, wéi d’Ministeren op meng parlamentaresch Fro n°6546 geäntwert haten. Och dës Gebaier mussen nach fir d’Energietransitioun prett gemaach ginn, zum Beispill duerch d’Installatioun vun Elektrobornen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Parkplaze fir Autoen a Stellplazen fir Vëloen sinn an de Gebaier, déi de Staat besëtzt oder louhnt?

  2. Wéi vill Gebaier vum Staat sinn aktuell mat enger Luetstatioun fir Elektroautoen equipéiert?

  3. Wéi vill Luetstatiounen sinn insgesamt bei de staatleche Gebaier installéiert? Wéi huet sech dës Zuel iwwert d’Joren 2014, 2018 an 2022 entwéckelt?

  4. Wéi vill vun de Luetstatioune bei staatleche Gebaier lueden aktuell mat Solarstroum?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7105

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert