Connect with us

Questions parlementaires

Waffeliwwerungen a kriminellen Hänn

D’Tageblatt beriicht an engem Artikel vun haut, dass eng onbestëmmten Unzuel u Waffen, déi vu westleche Länner an d’Ukraine geliwwert goufen, an d’Hänn vu Kriminelle komm sinn. Deemno hätte kriminell Gruppen, wéi zum Beispill d’Bandidos, et fäerdeg bruecht, fir d’Waffen, déi fir d’ukrainesch Arméi bestëmmt waren, ofzezweigen an um europäesche Schwaarzmaart ze verkafen. An Holland, Dänemark a Finnland goufe schonns Stuermgewierer fonnt. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass vun der Regierung gewosst, ob och lëtzebuergesch Waffeliwwerungen ofgezweigt goufen?

  2. Ass gewosst, ob och zu Lëtzebuerg esou Waffen um Schwaarzmaart zirkuléieren?

  3. Ass gewosst, ob direkt Verbindungen tëschent de Bandidos zu Lëtzebuerg an der ukrainescher Zell existéieren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7103

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert