Parlamentaresch Froen
Schlecht Verhalen um Marché vum Handwierk

Am Handwierk zu Lëtzebuerg existéieren net nëmme grouss Firme mat Honnerten Employéeën, déi oft a grousse staatleche Projeten de Virzuch kréien, mee et existéieren och ganz vill kleng Firmen, déi am Réibau, der Renovatioun vu Gebaier a villen anere Beruffer aktiv sinn. De Bausecteur baut op Vertrauen op: de Client vertraut dem Betrib, dass de Schantje fäerdeg gemaach gëtt an de Betrib vertraut drop, dass de Client fir déi Aarbechte bezilt. Et ginn awer leider och vill schwaarz Schof, souwuel bei de Betriber, wéi och bei de Clienten. An déi schwaarz Schof suergen dofir, dass d’Vertraue vu ville Leit an déi gutt Handwierksbetriber verluer geet. Beispiller: • Firmen, déi vill ze héich Präisser fir hir Servicer froen; • Firmen, déi Acomptë kréien an d’Aarbechten net fäerdeg stellen; • Clienten, déi zum Schluss net bezuelen, trotz dass Aarbechte geleescht goufen. Dës Situatioune féieren dozou, dass an der Branche vill Schwaarzaarbecht gemaach gëtt, wat a kengem sengem Interessi ass. Dem Handwierk hei am Land kéint et besser goen, wa méi Transparenz a Vertrauen. Kleng Betriber hunn oft den Nodeel, dass si manner Liquiditéiten a Geldreserven hunn a sinn op reegelméisseg Opträg a Bezuelunge vu Clienten ugewisen. Eng gängeg Praxis ass et, dass de Client nom Akzeptéiere vum Devis een Acompte bezilt, mat deem de Betrib dann d’Material fir d’Aarbechten oder seng Handwierker ka bezuelen. Et ass och gängeg, dass direkt e puer Acomptë bezuelt gi mam weidere Verlaf vun den Aarbechten.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Wéi kënnen d’Clienten sech informéieren, dass d’Präisser, déi se fir Servicer bezuelen, korrekt a gängeg Marchéspräisser sinn? Existéiere Plattformen, wou d’Clienten a Betriber sech iwwert Präisser an d’Reegelen um Marché kënnen informéieren?
Wéi vill Sträitfäll am Beräich vun Handwierk (Affaires civiles et commerciales) goufen et an de leschten dräi Joren tëschent Handwierksbetriber a Privatpersounen?
Wéi sollen sech Clienten, déi Affer goufe vun enger schlechter Firma, uleeën?
Wéi sollen sech d’Clienten uleeën, wann si Acomptë fir d’Aarbechte solle bezuelen? Op wéi eng Schutzmoossname kënne si hei zielen?
Wéi eng Méiglechkeete ginn et hei zu Lëtzebuerg fir Betriber a Clienten, fir Tëschekonten ze notzen, op deenen d’Acomptë kënnen abezuelt ginn (Treuhandkonten oder Bankgarantien)?
QP Nummer 2948