Connect with us

Questions parlementaires

Beleidegung vu Politiker

Den Artikel 275 vum Code pénal gesäit Strofe vir, wa Persounen een Deputéierten, ee Regierungsmember oder ee Magistrat beleidegen oder bedrohen. Dësen Artikel gëtt deemno vu Politiker:innen genotzt, wa si der Meenung sinn, datt Aussoen oder Handlunge géint si als Outrage kéinte qualifizéiert ginn. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Plainte op Basis vum Artikel 275 vum Code pénal sinn an de leschten 10 Joer beim Parquet agaangen?

  2. Wéi vill vun dësen Dossiere goufen: 1. sans suite klasséiert, 2. mat engem Avertissement ofgeschloss, 3. viru Geriicht bruecht, 4. mat enger Verurteelung ofgeschloss?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4273

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert