Questions parlementaires
Beleidegung vu Politiker
Den Artikel 275 vum Code pénal gesäit Strofe vir, wa Persounen een Deputéierten, ee Regierungsmember oder ee Magistrat beleidegen oder bedrohen. Dësen Artikel gëtt deemno vu Politiker:innen genotzt, wa si der Meenung sinn, datt Aussoen oder Handlunge géint si als Outrage kéinte qualifizéiert ginn.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Wéi vill Plainte op Basis vum Artikel 275 vum Code pénal sinn an de leschten 10 Joer beim Parquet agaangen?
Wéi vill vun dësen Dossiere goufen: 1. sans suite klasséiert, 2. mat engem Avertissement ofgeschloss, 3. viru Geriicht bruecht, 4. mat enger Verurteelung ofgeschloss?
QP Nummer 4273
