Questions parlementaires
Virgeschicht vum Tramsarrêt fir de GridX
An engem Artikel am Wort vum 10ten Abrëll 2024 gouf iwwert den zousätzlechen Tramsarrêt beim GridX zu Steebrécken bericht. An dësem Artikel hat de Leidelenger Buergermeeschter d’Ausso gemaach, datt d’Firma Félix Giorgetti sech fir en Halt zu Wickreng agesat hätt. Dës Firma steht hannert dem Groussprojet GRIDX an ass Notznéisser vun dësem Projet, ënnert Anerem duerch de Bau vum Tramsarrêt souwéi der Autobunnsopfaart op de Site vum GridX, souwéi engem Privatparking an dem Accès zum Shoppingzenter selwer. Zitat aus dem Artikel: „Laut dem Leudelinger Bürgermeister Lou Linster (DP) setzt sich auch die Firma Félix Giorgetti, die hinter dem Großprojekt GRIDX steht, für einen Halt in Wickringen ein. Daraus würde jedoch nichts, weswegen er als Leudelinger Bürgermeister nicht weiter auf eine Haltestelle nahe dem Zentrum von Leudelingen dränge.“
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:
Kann d’Ministesch ausschléissen, datt d’Firma Félix Giorgetti sech selwer beim Ministère, bei Luxtram oder bei enger anerer staatlecher Verwaltung fir eng Tramsstatioun zu Wickreng agesat huet? Goufen et heizou Echangen?
QP Nummer 4388
