Connect with us

Questions parlementaires

Temporär Schléissung vu der Wëlldéierestatioun

D’Fleegestatioun fir Wëlldéieren zu Diddeleng huet matgedeelt, dass se aktuell temporär aus Plazmangel keng nei Déiere méi ophuele kann. D’Leit goufen opgefuerdert, temporär keng Déiere méi ofzeginn. An engem Wort-Artikel vun haut goufe verschidden Erklärungen zu der Schléissung matgedeelt.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wat sinn d’maximal Kapassitéiten, déi d’Wëlldéierestatioun ka geréieren?

  2. Wéi vill Déieren goufen insgesamt, opgelëscht pro Mount, an der Wëlldéierestatioun opgeholl a gefleegt?

  3. Wat geschitt mat de verletzten Déieren, déi net kënnen opgeholl ginn?

  4. Wat ass geplangt, fir d’Kapassitéite fir d’Fleeg vu Wëlldéieren hei am Land z’erhéijen, fir dass et net méi zu esou Enkpäss kënnt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4369

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert