Questions parlementaires
Délaien bei haislecher Gewalt
Gewalt am Stot ass ee wichtegt Thema an et ass wichteg dëst permanent ze thematiséieren, fir dass d’Affer vun haislecher Gewalt doriwwer informéiert sinn, dass hinne ka gehollef ginn. A ville parlamentaresche Froe gouf dëst d’Thema dofir schonn opgeworf (rezent an der Fro n°2977 vun 2025). Iwwert 1000 Fäll goufen am Joer 2024 gemellt. Bei haislecher Gewalt kann et zu Situatioune kommen, an deenen d’Affer aus Angscht, Iwwerfuerderung oder wéinst der Präsenz vu Kanner net direkt bei d’Police ginn an dëst mellen. Grad, wann och ee klengt Kand an der Wunneng ass oder Gewalt materlieft huet, ass et schwéier fir Affer, fir séier ze reagéieren. Et ass dofir méiglech fir een Affer, bis zu 14 Deeg nom Virfall nach eng Plainte bei der Police ze maachen, fir de Gewalttäter- oder täterin aus dem Haus z’expulséieren. Duerno besteet nach d’Méiglechkeet nach beim Familljeriichter unzefroen, fir datt déi expulséiert Persoun net zeréck an d’Wunneng dierf.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Wéi vill Fäll vun haislecher Gewalt goufen an de leschten 10 Jore gemellt? Wéi vill dovunner goufen direkt gemellt a wéi vill eréischt no engem Dag? Wéi vill Fäll goufen no enger Woch gemellt? Wéi vill goufen nom Delai vun 14 Deeg gemellt?
Wéi gëtt séchergestallt, dass bei Gewalt am Stot, wou Kanner betraff sinn oder Gewalt materlieft hunn, de Schutz vum Kand am Vierdergrond steet, notamment beim Suergerecht?
QP Nummer 4346
