Connect with us

Questions parlementaires

Genitalkontrollen beim Contrôle médical scolaire

Am Kader vun der Médecine scolaire gi fir Schüler:innen a Lëtzebuerger Primärschoulen a Lycéeë reegelméisseg medezinesch Kontrollen organiséiert. Dobäi kënnen, jee no Alter an Zort vum Bilan, och sensibel medezinesch Themen an ënner Ëmstänn intim Ënnersichunge gemaach ginn.   Mir gouf e Fall aus engem Lycée zougedroen, bei deem e Schüler sech bei enger medezinescher Kontroll net wollt ënnersiche loossen, notamment, well en net wollt, dass den Dokter him ënnert dem Slip manuell kontrolléiert.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Op wéi enger rechtlecher Basis ginn am Secondaire medezinesch Kontrollen am Kader vun der Medezin scolaire organiséiert, a wéi eng Ënnersichunge sinn dobäi, jee no Alter vum Schüler, virgesinn?

  2. Kann e Schüler eng medezinesch Kontroll oder eenzel Deeler dovunner, notamment eng intim Ënnersichung, refuséieren?  Falls jo, wéi eng Prozedur ass an esou engem Fall virgesinn, a gëtt tëschent mannerjäregen a volljärege Schüler ënnerscheet?

  3. Wéi ginn d’Eltere vun esou Kontrollen informéiert, notamment wann e Schüler eng Kontroll refuséiert oder wann eng Ënnersichung vun Intimberäich gemaach gëtt? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4344

Continue Reading