Questions parlementaires
Entscheedungsgewalt vu Verwaltungen no Geriichtsuerteeler
Wann eng administrativ Entscheedung vun enger Verwaltung duerch eng Geriichtsdecisioun annuléiert gëtt, stellt sech fir déi betraffe Verwaltung a fir d’Géigepartei oft d’Fro, wat nom d’Geriichtsurteel passéiert. Hei muss d’Verwaltung entscheeden, wéi et am Dossier weidergeet a wéi se dem Geriichtsuerteel an dëser neier Entscheedung Rechnung dréit. Am beschte Fall schléisst d’Verwaltung, an engem Persounaldossier, net mat der Annulatioun vum Geriichtsuerteel of, mee hëllt eng motivéiert Entscheedung , déi dem Geriichtsuerteel Rechnung dréit. Grad bei Personal-Affairen ass et fir d’Géigepartei wichteg, datt kloer ass, wéi hir administrativ Situatioun no enger Annulatioun bewäert gëtt a wéi eng Konsequenzen dëst huet op hir finanziell, statutaresch oder sozialversécherungsrechtlech Situatioun. Beispill: Ee Staatsbeamte gëtt fir ee Joer vum Déngscht dispenséiert. Wann dës Decisioun dono vum Geriicht annuléiert gëtt, muss gekläert ginn, ob dat Joer als Déngschtzäit, Krankheetsperiod oder eng aner administrativ Situatioun gëllt.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Wéi eng Verwaltung ass zoustänneg, fir no der Annulatioun vun enger administrativer Decisioun d’Situatioun vun engem betraffenen Agent administrativ nei ze qualifizéieren oder ze rekonstituéieren?
Muss eng Verwaltung am Kader vu Personalaffären, no enger Geriichtsdecisioun, eng zousätzlech, separat a motivéiert Decisioun iwwert déi administrativ, finanziell, sozialversécherungsrechtlech a statutaresch Konsequenze vun dëse Geriichtsdecisiounen huelen?
Geet et duer, dass d’Verwaltung eng duerch d’Geriicht annuléiert Decisioun just annuléiert oder muss d’Verwaltung eng Period nei qualifizéieren, an där déi annuléiert Decisioun Wierkunge produzéiert hat?
Wéi eng Roll spillt de Ministère fir den ëffentlechen Déngscht an esou Situatiounen?
QP Nummer 4387
