Questions parlementaires
Quelleschutz bei Kommunikatiounen mat Journalisten – Nofro
Am Kontext vun der Pressefräiheet spillt de Schutz vu journalistesche Quellen eng zentral Roll. Journaliste mussen drop vertraue kënnen, datt hir Kommunikatiounen (Messagen, E-Mails, Notizen, etc.) net einfach esou kënne vum Staat gekuckt oder ausgewäert ginn. Dëst gëllt och, wann d’Journaliste selwer net Objet vun enger Enquête sinn. An der Äntwert op meng Fro n°4066 huet d’Justizministesch geschriwwen, dass d’Gesetz vum 8te Juni 2004 „sur la liberté d’expression dans les médias“ ee staarke Schutz fir Journalisten virgesäit. „Geméiss dem Artikel 7(3) vum uewe genannte Gesetz, mussen d’Police- an d’Justizautoritéite souwéi d‘Administratioune sech alle Moossnamen enthalen, déi drop ausgeriicht sinn oder den Effekt hunn, d’Quelleschutz-Recht ze ëmgoen. Wann Informatiounen, déi eng Quell identifizéieren, zoufälleg wärend enger Enquête fonnt ginn, ouni datt dat den ursprénglechen Zweck vun der Enquête war, da kënnen dës Informatioune geméiss Artikel 7(4) net als Beweismaterial an enger Prozedur benotzt ginn.“ Am Kader vun der Affär Lunghi, déi elo rezent am Urteel n°278/26 vu der Cour d’Appel tranchéiert ginn ass, stellt sech d’Fro, ob d’Gesetz wierklech respektéiert gëtt. Wéi mir aus dësem Fall bekannt ass, goufen bei enger Perquisitioun am Kader vun der Ermëttlung vun dëser Affair journalistesch Dokumenter, dorënner een internen Audit, vun de Beamten matgeholl.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Ass d’Regierung der Meenung, dass d’Mathuele vu journalisteschen Dokumenter am Kader vun enger Perquisitioun mat den Artikelen 7(3) a 7(4) vum Gesetz vum 8te Juni 2004 kompatibel ass, wann d’Journalisten net selwer Objet vun der Enquête sinn?
Wéi gëtt an der Praxis séchergestallt, dass Dokumenter oder Kommunikatiounen, déi ënnert de journalistesche Quelleschutz fale kënnen, bei enger Perquisitioun direkt identifizéiert, versigelt oder vun der weiderer Auswäertung ausgeschloss ginn?
Gesäit d’Regierung no dësem Fall e Besoin, fir d’Reegelen oder d’Instruktioune fir Police- a Justizautoritéiten ze präziséieren, fir de Schutz vu journalistesche Quellen och bei Perquisitiounen an Drëtt-Dossieren ze garantéieren?
QP Nummer 4409
