Connect with us

Questions parlementaires

Tropenholz um Fond-de-Gras

An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4181 huet d’Ministesch erkläert, firwat fir eng Holzpasserell zu Mamer Tropenholz fir de Bau genotzt gouf aplaz op lokal oder europäesch Holzzorten ze setzen. D’Ministesch schreift, dass „och europäesch Holzaarten, analyséiert an evaluéiert [goufen]. Dës Alternativen hunn sech allerdéngs am Verglach zu Bongossi-Holz als manner gëeegent fir déi spezifesch Asazbedéngunge vun dëser Infrastruktur erausgestallt. Generell ass et esou, dass gekuckt get fir Holz aus der Groussregioun an Europa ze benotzen.“

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Um Fonds-de-Gras zu Péiteng gouf een hëlzent Trappepodest gebaut.  • Wéi een Holz gouf heifir genotzt? • Gouf fir d’Podest dat afrikanescht Birenholz Baillonella toxisperma oder Moabi genotzt? • Falls jo: firwat ass fir dëse Podest Tropenholz agesat ginn? • Kann d’Ministesch den Zertifikat (FSC oder PEFC) presentéieren, dee weist, dass d’Holz vun dësem Podest retraçabel ass?

  2. Fir wéi vill staatlech finanzéierte Projeten (ëffentlechen Ausschreiwungen) ass an de leschten zwee Joren Holz ausserhalb vun Europa genotzt ginn an a wéi villen net?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4410

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert