Questions parlementaires
Iessensreschter an de Kannerbetreiungsstrukturen
An de Kannerbetreiungsstrukturen (Crèchen a Maison Relaisen) ginn all Dag dausende Moolzechte fir eng grouss Zuel u Kanner preparéiert oder geliwwert. De Staat finanzéiert dëst zum groussen Deel iwwert den CSA mat. Dobäi stellt sech d’Fro, wéi vill Iessen iwwreg bleift a wéi mat dëse Reschter ëmgaange gëtt (Antigaspi).
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Existéiert ee Monitoring oder ginn et verbindlech Moossnamen, fir d’Quantitéit u Liewensmëtteloffäll an de Crèchen a Maison Relaisen ze reduzéieren?
Wéi vill Iessen (kg) a Platen gouf déi lescht 3 Joren an de Maisons relaisen net zerwéiert oder ewechgehäit?
QP Nummer 4411
