Connect with us

Questions parlementaires

Onbezuelte Kinéesrechnungen

A verschiddene Fäll iwwerhuele staatlech Verwaltungen d’Séancen fir Kinée fir verschidde Patienten. Dëst geschitt zum Beispill beim ONA a Form vun engem Bong, deen dem Kinée presentéiert gëtt. No Informatioune vu betraffene Kinéen soll et Fäll ginn, an deene verschidde Patienten um Enn vun de Seancen hir  Rechnung net bezuelen, mee d’Verwaltung awer och d’Rechnung net wëll bezuelen, well d’Persoun net méi am Land ass an net erreechbar an opfindbar ass. Esou Fäll féieren dozou, datt verschidde Kinéen manner bereet sinn, fir Patient:innen ze behandelen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann d’Regierung confirméieren, datt den ONA d’Käschte vun enger kinétherapeutescher Behandlung iwwerhëlt, wann eng ordonnance médicale an ee Bong vum ONA virleien, och wann déi betraffe Persoun no der Behandlung net méi an enger ONA-Struktur ass, net méi fonnt gëtt oder net méi am Land ass?

  2. Wéi eng Prozedur gëllt aktuell fir Kinéen, wann de Patientendeel trotz Bong an ordonnance médicale net vum Patient bezuelt gëtt, a gëtt an esou Fäll eng schrëftlech Decisioun oder Begrënnung vum ONA ausgestallt?

  3. Wéi wëll d’Regierung verhënneren, datt Kinéen oder aner Gesondheetsberuffer wéinst onbezuelte Käschten dono Patientinnen a Patienten aus ONA-Strukturen net méi unhuelen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4415

Continue Reading