Connect with us

Questions parlementaires

Ënnerschiddlech Krittären bei der Berechnung vum Loyer bei staatlechen Wunnengen

Leit, déi eng ëffentlech finanzéiert Wunneng lounen, mussen Informatiounen iwwert hiert Akommes oppeleeën an op där Basis gëtt de Loyer berechent. Jee no Modell an Organisatioun – Logementsministère, SNHBM, Gemengen, Fonds du Logement oder ASBLen – gëllen awer verschidde Krittären, wat als Revenu ugesi gëtt a wat net. Besonnesch problematesch ass d’Berechnung, wann Allocatiounen, Indemnitéiten oder Prestatiounen, wéi d’Fleegegeld matagerechent ginn. Mir ass bekannt, datt Leeschtunge vun der Assurance dépendance (Loi modifiée du 19 juin 1998), déi fir d’Prise en charge vun enger Persoun mat engem Besoin u Fleeg- oder Hëllefsleeschtunge geduecht sinn, an eenzele Fäll bei der Berechnung vum Loyer als Revenu mat aberechent goufen.  Dëst féiert dozou, datt de Loyer däitlech eropgeet, obwuel dës Sue keng fräi disponibel Akommesquell duerstellen, mä zweckgebonnen a schonn duerch d’Fleegebedierftegkeet verbraucht sinn. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi eng Reegele gëllen aktuell fir d’Berechnung vum Revenu bei engem Locataire an engem ëffentlechen oder soziale Logement, a wéi eng Allocatiounen, Indemnitéiten oder Prestatioune ginn dobäi als Revenu mat aberechent?

  2. Kann all Verwaltung oder Organisatioun am soziale Wunnengsbau hei seng eege Krittäre fir d’Berechnung vum Revenu festleeën? Falls jo,  • kënne prinzipiell all steierlech befreit Allocatiounen a Prestatiounen (revenus exemptés d’impôt) an dës Berechnung integréiert ginn, och wann se vun anere Verwaltungen ausgeholl sinn?  • wéi gëtt verhënnert, dass dëst zu willkürlechen Decisioune féiert, wou ee gläiche Revenu vu verschidde Verwaltungen ënnerschiddlech behandelt gëtt?

  3. Firwat gi Prestatioune vun der Assurance dépendance bei verschiddene Berechnunge vum Loyer am logement abordable als Revenu ugesinn, obwuel dës Leeschtunge fir d’Ënnerstëtzung vun enger Persoun geduecht sinn (zweckgebonnen) a kee fräit verfügbaart Akommes duerstellen?

  4. Ass et vun der Regierung gewollt oder toleréiert d’Regierung, dass am Logement abordable betraffe Stéit jee no Verwaltung oder Gemeng ënnerschiddlech behandelt ginn?

  5. Wéi eng Moosnahmen gedenkt d’Regierung ze huelen, fir Fäll ze korrigéieren, wou d’Fleegegeld oder aner zweckgebonnen Leeschtunge fréier falsch als Revenu matagerechent goufen, an ass eng retroaktiv Adaptatioun vum Loyer an esou Fäll méiglech?

  6. Existéiert eng Basis tëscht de verschiddene Ministèren, fir eenheetlech Krittäre betreffend der Berechnung vun erschwénglechen a soziale Loyeren ze definéieren, a falls net, ass esou eppes oder an der Maach?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4414

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert