Connect with us

Questions parlementaires

Froen am Gemengerot

Den Artikel 25 vum ofgeännerte Gemengegesetz gesäit vir, datt d’Membere vum Gemengerot dem Schäfferot a Buergermeeschter schrëftlech Froen iwwert d’Gemengeverwaltung stelle kënnen. D’Gemengen kënnen an hirem Règlement d’ordre intérieur zousätzlech Reegele fir den Oflaf an d’Modalitéite vun dëse schrëftleche Froen ausschaffen. D’Gemengegesetz gesäit explizitt keng Aschränkungen vir, wat d’Unzuehl u schrëftleche Froen virgesäit.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kënnen d’Gemengereglementer eng Aschränkung iwwert d’Unzuel u Froe virgesinn? Falls jo, wéi bewäert de Minister d’Kompatibilitéit vun esou Limitte mam Artikel 25 vum Gemengegesetz?

  2. Huet de Ministère eng Iwwersiicht, wéi eng Gemengen an hirem Règlement d’ordre intérieur eng quantitativ Limitt fir schrëftlech Froen, zum Beispill pro Mount, pro Sitzung oder pro Conseiller, virgesinn hunn?  Falls jo, kann de Minister dës Gemengen an déi jeeweileg Limitten oplëschten?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4545

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert