Questions parlementaires
Prime informatique am Gemengesecteur
Am August 2025 hat den Inneminister an der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°2634 erkläert, datt verschidde Gemengen an der Vergaangenheet hire Mataarbechter eng „prime informatique“ accordéiert haten. Gläichzäiteg hat de Minister festgehalen, datt hie sech enger Diskussioun an der Commission centrale iwwert d’Aféiere vun enger Prime informatique am Gemengesecteur net verschléisst. Bis haut gëtt et awer keng spezifesch gesetzlech Basis, déi de Gemengen et erlaabt, eng entspriechend Prime nom Virbild vum Staatsdéngscht anzeféieren.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Wéi ass den aktuelle Stand vun den Aarbechten oder Diskussiounen iwwert eng gesetzlech Basis fir eng Prime informatique am Gemengesecteur?
Ass d’Regierung der Meenung, datt Gemengen ënnert dem aktuelle gesetzleche Kader eng Prime informatique aféiere kënnen? • Falls jo, op wéi enger legaler Basis? • Falls nee, wéi begrënnt d’Regierung dëst?
Wäert d’Regierung eng gesetzlech Basis fir eng Prime informatique am Gemengesecteur aféieren?
QP Nummer 4581
