Connect with us

Questions parlementaires

Autonoomt Autoen Nofro FSD

An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4251 betreffend der Unerkennung vum Fuerassistenzsystem FSD Supervised (vun Tesla) an Holland huet d’Mobilitéitsministesch op déi europäesch Prozedur verwisen an oppe geloss, ob Lëtzebuerg de Fuerassistenzsystem och hei wäert provisoresch erlaben. Si äntwert och, dass nom Artikel 39, Paragraf 4 vum EU-Reglement 2018/858 […] „déi aktuell Geneemegung provisoresch a prinzipiell op den Territoire vum Memberstaat limitéiert [ass], deen se ausgestallt huet.“ Den Artikel 39, Paragraf 5, gesäit awer och vir, datt d’Autoritéite vun anere Memberstaaten dës provisoresch Homologatioun wärend der Examensperiod vun der Kommissioun op hirem Territoire kënnen akzeptéieren, wann si d’Autoritéit, déi d’Homologatioun ausgestallt huet, schrëftlech doriwwer informéieren. Esou geschitt an der Belsch, Estland an Dänemark.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann d’Regierung bestätegen, dass den Artikel 39, Paragraf 5, vum EU-Reglement 2018/858 Lëtzebuerg d’Méiglechkeet gëtt, fir eng provisoresch Homologatioun vun der RDW fir FSD Supervised um nationalen Territoire z’akzeptéieren, wärend d’Examensprozedur um europäeschen Niveau nach leeft?

  2. Géif esou eng Unerkennung eng zousätzlech national gesetzlech Basis verlaangen oder kéint dës Entscheedung als administrativ Decisioun vun der zoustänneger Homologatiounsautoritéit am Kader vum Artikel 39, Paragraf 5, geholl ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4582

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert