Connect with us

Questions parlementaires

Logfiles beim AE-IMM beim Inneministère

Bei der Direction de l’immigration leeft aktuell eng Enquête am Zesummenhang mat presuméierter Korruptioun, illegaler Immigratioun a gefälschten Dokumenter. Laut Informatiounen aus engem Artikel op reporter.lu vum 4ten August, dee sech op Geriichtsuerteeler an dësem Fall berifft, soll et an der Direction de l’Immigration Problemer beim interne Kontrollmechanismus ginn. An dësem Kontext goufe Problemer beim IT-System „AE-IMM“ ernimmt, iwwert deen Dossieren am Beräich vun den Autorisations an Titres de séjour consultéiert a suivéiert kënne ginn an eng gréisser Zuel u Mataarbechter Zougang zu sensibelen Dossieren an administrativen Etappe vun Openthaltsprozeduren hunn oder haten.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ginn am informatesche System „AE-IMM“ systematesch Logfichiere gespäichert, aus deenen ervirgeet, wéi ee Benotzer zu wéi engem Zäitpunkt op wéi en Dossier zougegraff, Donnéeë consultéiert, geännert oder eng administrativ Etapp validéiert huet?

  2. Wéi laang ginn dës Logfichiere gespäichert, wien huet Zougang dozou, a wéi gëtt garantéiert, datt dës Logfichieren net kënne manipuléiert oder geläscht ginn, ouni datt dëst selwer nees dokumentéiert gëtt?

  3. Falls kee Logfile-System am IT-System existéieren, gouf bewosst op Logfiles verzicht a firwat gouf dëse System net genotzt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4583

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert