Connect with us

Questions parlementaires

Schwaarz Lëscht vum Pensiounsfong

De Pensiounsfong geréiert an investéiert an déi verschiddenste Firmen. Et existéiert awer och eng schwaarz Lëscht vu Firmen, an déi de Fong aus moralesche Grënn net dierf investéieren.  Op dëser Lëscht sinn déi verschiddenste Firmen ze fannen: déi europäesch Firma Airbus, déi zwar an der Waffeproduktioun, mee och an der ziviller Aviatioun souwéi an de Beräicher Raumfaart aktiv ass. Oder och Boeing.  An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4493 huet d’Regierung matgedeelt, datt de Pensiounsfong iwwert seng SICAV-FIS aktuell iwwert 6 Milliounen Euro a SpaceX investéiert huet, eng Firma, déi och militäresch aktiv ass oder op mannst den US-Militär a senge Missiounen ënnerstëtzt.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Huet de Fonds de compensation aktuell direkt oder indirekt Investissementer an Airbus oder a Fongen oder aner Finanzinstrumenter, déi direkt oder indirekt a Airbus investéiert hunn?

  2. Huet de Fonds de compensation aktuell direkt oder indirekt Investissementer an Boeing oder a Fongen oder aner Finanzinstrumenter, déi direkt oder indirekt a Boeing investéiert hunn?

  3. Wéi gëtt séchergestallt, dass d’Suen, déi Pensiounsfong an aner Beräicher vun dëse Firmen investéiert, schlussendlech net awer bei der Mammegesellschatt landen, vu wou aus dann d’Waffeproduktioun finanzéiert gëtt (zum Beispill fir d’Firmen SpaceX, Airbus oder Boeing)?

  4. Wëssend, dass Boeing op der schwaarzer Lëscht ass, wäert d’Luxair aner Fligertyppen akafen?

  5. Wäert SpaceX och op déi schwaarz Lëscht kommen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4602

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert