Questions parlementaires
Notzung vu Solarcells bei staatleche Projeten
Wéi d’WORT an engem Artikel vum 12ten August 2026 beriicht huet, gëtt d’Firma Solarcells Luxembourg S.A. opgeléist. D’Gesellschaft sollt Solarmoduler „Made in Luxembourg“ produzéieren. Déi deemolëg Regierung, rondërem d’Ministeren Turmes a Fayot, hat de Projet ëffentlech als Bäitrag zur Energietransitioun an zur Stäerkung vun der Wirtschaft presentéiert. De Projet war 2023 mat héijen Ambitioune gestart mat enger ugekënnegter Produktioun vu ronn 100.000 Panneauen. Bei der offizieller Aweihung den 18te Januar 2024 war d’Zil schonn op 40.000 Stécker pro Joer reduzéiert, wéi d’WORT am Artikel schreift.. De Problem vun der Firma war, dass se engem immens haarde Konkurrenzmaart aus China ausgesat war, wou d’Solaranlagë staatlech subventionéiert ginn. Deemno ass et fir eng lëtzebuergesch usässeg Firma ouni weider Hëllef vum Staat net méiglech, fir präislech mat dësen Dumpingprodukter matzehalen.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Wéi vill Photovoltaikmoduler a wéi vill installéiert Leeschtung goufe vum Staat tëschent 2023 an 2026 insgesamt installéiert?
Goufen et bei Marché-public- oder Ausschreiwungsprozedure fir Photovoltaikanlagen op ëffentleche Gebaier eng Präferenz fir lokal oder europäesch Produktiounen?
Huet de Staat Solarmoduler vu Solarcells Luxembourg S.A. bei ëffentleche Bauprojeten agesat? Falls jo, ëm wéi vill Panneauen, wéi vill installéiert Leeschtung a wéi eng ëffentlech Gebaier oder Projete geet et jeeweils?
Wéi vill Solarmoduler a wéi vill installéiert Leeschtung goufe vum Staat tëschent 2023 an 2026 bei auslännesche Produzente bezunn, opgelëscht no EU- an Net-EU-Produktioun?
Wéi gëtt, no der Opléisung vun der Solarcells Luxembourg S.A., d’Maintenance an den eventuellen Ersatz vu Moduler vu Solarcells op ëffentleche Gebaier assuréiert?
QP Nummer 4663
