Questions parlementaires
Prisong zu Suessem ass iwwerbeluecht
De Prisong Uerschterhaff ass aktuell iwwerbeluecht. An der Press gëtt ee gewuer, dass aktuell 429 Persounen do ënnerbruecht sinn an déi virgesinne Kapazitéit iwwerschratt sinn.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Kann d’Justizministesch bestätegen, datt aktuell Prisonéier am Centre pénitentiaire d’Uerschterhaff op Matrassen um Buedem schlofe mussen? • Falls jo, wéi vill Prisonéier sinn dovunner betraff, säit wéini a bis wéini wäert dëst esou sinn? • Wéi eng Moossname wäerte geholl ginn, fir dës Situatioun ze behiewen? • Sinn dës Matrassen an den Zellen oder op anere Plazen am Prisong a falls jo, wéi eng? • Loungen Matrassen am Gank vum Prisong?
Wéi huet sech zënter der Ouverture vum Centre pénitentiaire d’Uerschterhaff de Ratio tëscht dem Personal (ETP) an der Zuel vun de Prisonéier entwéckelt?
Si beim Personal déi virgeschriwwen Aarbechts- a Rouzäite vum Personal agehale ginn?
Huet déi aktuell Iwwerbeleeung zu méi Iwwerstonnen oder aneren zousätzleche Belaaschtunge fir d’Personal gefouert?
Ass bei der aktueller Iwwerbeleeung d’Sécherheet vum Personal a vun de Prisonéier zu all Moment garantéiert?
QP Nummer 4807
