Questions parlementaires
Net bezuelte Salairen bei Restopolis
Bei Restopolis ass ee gudden Deel vun de Leit, déi schaffen, net direkt agestallt, mee iwwert Privatfirmen. Dës extern Mataarbechter suergen dofri, dass de Betrieb leeft. Ech krut d’Informatioun, datt Mataarbechter aus verschiddene vun dësen externe Betriber wärend de Summerméint zäitweis iwwer méi Méint kee Salaire ausbezuelt kruten.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Hu Restopolis an de Ministère Kenntnis iwwer Fäll, bei deenen d’Personal vun dësen externe Betriber kee Salaire ausbezuelt krut? Falls jo, gëtt dat esou akzeptéiert oder huet Restopolis sech hei agesat, fir dass d’Leit hire Salaire kréien?
Wéi eng Konsequenzen huet et fir en externe Betrib, wann dësen de Mataarbechter, déi bei Restopolis agesat ginn, hire Salaire net ausbezillt an dierf esou e Betrib weiderhi fir Restopolis schaffen?
QP Nummer 4823
