Connect with us

Motiounen

Schutz vum bestoende Wunnraum géint eng Ëmwandlung fir aner Zwecker

Context:

Interpellation n°4196 : Mesures pour contrer la crise du logement

D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:

  • Haiser an Appartementer, déi ursprénglech fir Wunnzwecker gebaut goufen, ginn als Büroen, Crèchen, Dokteschcabineten oder fir aner berufflech a kommerziell Aktivitéite genotzt an duerch esou Ëmwandlunge gi Wunnengen um Wunnengsmaart verluer;
  • eng selbstänneg berufflech Aktivitéit, déi an der eegener Wunneng ausgeüübt gëtt, ass net automatesch eng Ëmwandlung vun der Wunneng duerstellt a weiderhinn erlaabt bleiwe kann;
  • de Schutz vum bestoende Wunnraum ass eng wichteg Ergänzung zum Bau vun neie Wunnengen.

Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:

  1. de gesetzleche Kader esou unzepassen, datt Haiser an Appartementer an Zukunft net exklusiv fir Büroen, Crèchen, Dokteschcabineten oder aner net-residentiell Zwecker ëmgewandelt dierfe ginn.
  2. ausdrécklech eng Ausnam virzegesinn fir den Homeoffice vu Beamten an Employéeën an och fir d’Aktivitéite vun Selbstännegen (Indépendants), déi hir berufflech Aktivitéit vun hirer eegener Wunneng aus ausüben, ënnert de Bedingung, dass d’Immobilie weiderhin haaptsächlech als Wunneng genotzt gëtt an net zu enger eegestänneger kommerzieller oder berufflecher Struktur ëmgewandelt gëtt.

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert