Motiounen
Méi flexibel Umeldungsreegele fir Familljen a Verwandter
Context:
Interpellation n°4196 : Mesures pour contrer la crise du logement
D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:
- déi héich Wunnkäschten hei am Land erschwéieren et ville Familljen, fir eng passend Wunneng kënnen ze lounen oder ze kafen;
- zousätzlech dozou interpretéieren verschidde Gemengen d’Gesetz vum 20ten Dezember 2019 ënnerschiddlech a leeën a Gemengereglementer nach méi strikt Reegelen fest betreffend der Beleeung an den Umeldungen, wat et Familljen oft zousätzlech erschwéiert, fir eng passend Wunneng kënnen ze lounen oder ze kafen;
- d’Zesummeliewe vu Familljen a Verwandten sollt net mat der kommerzieller Sous-Locatioun gläichgesat ginn.
Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:
- d’Reegelen fir d’Umeldung vu Familljememberen a Verwandten aus dem selwechte Stot ze flexibiliséieren an individuell familiär Situatiounen besser am Gesetz souwéi de Gemengereglementer ze berücksichtegen.
- zesumme mat de Gemengen an dem CGDIS harmoniséiert Reegelen auszeschaffen, déi an all Gemeng gëllen an déi fundamental Sécherheetsufuerderungen beim Wunnen net ofschwächen.
Continue Reading
