Motiounen
Steiervirdeeler fir Loyeren aféieren
Context:
Aktualitéitsstonn n°4897 iwwert d’Wunnengskris
D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:
- d’Käschte vun de Loyeren wéi och d’Remboursementer vun Immobiliëkreditter stellen fir vill Stéit, déi hei am Land wunnen, all Mount déi héchste finanziell Belaaschtung duer;
- aktuell kënne Proprietairen d’Zënse vun hiren Immobiliëprête souwéi den Amortissement accéléré iwwert d’Steiererklärung vun hirer Steierlaascht ofsetzen, mee d’Locatairen hunn aktuell keng Méiglechkeet, fir hier Wunnkäschten vun hire Steieren ofzesetzen;
- Locatairen a Proprietären, déi selwer an hirer Wunneng wunnen, sollte steierlech gerecht behandelt ginn.
Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:
- eng Steiermoossnahm anzeféieren, déi et Locatairen erlaabt, fir een Deel vun hire Käschte vun hirem Loyer fir hir Haaptwunneng vun hirem steierflichtegen Akommes ofzesetzen.
Continue Reading
