Connect with us

Motiounen

Solidaritéitsbäitrag vu grousse Promoteuren fir de staatleche Wunnengsbau

Context:

Aktualitéitsstonn n°4897 iwwert d’Wunnengskris

D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:

  • datt den Zougang zu Wunnraum aus eegener Kraaft wéinst den héijen Maartpträisser fir vill Leit zu Lëtzebuerg zënter Jorzéngten onméiglech ass;
  • de Bau an de Kaf vun ëffentleche Wunnengen ass eng vun de beschte Léisungen, fir et de Leit z’erméiglechen, fir an hirem Land kënnen een Eegenheem ze kafen oder op mannst ze louhnen an dëse Modell soll verstäerkt an dauerhaft finanzéiert ginn;
  • eng Villzuel un Etüden weisen, dass de Wunnengsmaart vu groussen Landbësetzer a grousse Promoteuren dominéiert gëtt;
  • déi déck Profiter, déi grouss Promoteuren, Baufirmen an Agencen um Wunnengsmaart maachen, sollte solidaresch genotzt ginn fir de Bau vun erschwéngleche Wunnenge virunzedreiwen.

Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:

  1. ee Bäitrag anzeféieren an Héicht vun 10%, deen op de Profitter berechent gëtt fir d’Immobilieaktivitéite vu grousse Promoteuren, Immobilienagencen, Immobiliefongen a Baufirmen.
  2. d’Recetten vun dësem Bäitrag fir de Bau vun ëffentleche Wunnengen ze notzen, déi dauerhaft am Besëtz vum Staat bleiwen, notamment iwwer de Spezialfong fir bezuelbare Wunnraum.
  3. all Joer d’Recetten an d’Zuel vun de staatleche Wunnengen ze verëffentlechen, déi mat dëse Mëttele realiséiert goufen.

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert