Connect with us

Questions parlementaires

FRO.LU: Datematrix-Coden op Bréiwer

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

Verschidde Ministèren verschécken mëttlerweil Bréiwer, op deenen ee QR-Code um Blat opgedréckt ass. Wien versicht de QR-Code fir eng Echtheetsprüfung bei gouvcheck.lu ze notzen, dee gëtt enttäuscht, well de QR-Code op dëser Plattform als „invalid“ erkannt gëtt. Beim Dekodéiere vun de QR-Coden fënnt een allerdéngs verschidden Informatiounen. Beim Bréif fir d’Verdeele vun de gratis Masken aus dem Juni 2020 fënnt een zum Beispill, datt de QR-Code den Numm „Data_Matrix“ dréit an d’Coden op all Säit vum Bréif ënnerschiddlech sinn. D’QR-Coden variéieren doriwwer eraus jee no Destinatär vum Bréif.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wat genee beinhalt dee Marquage vu ministerielle Bréiwer? Beinhalt de QR-Code perséinlech Donnéeën? Falls jo, wéi eng an op wéi enger legaler Basis ginn se erhuewen a wat ass d’Verbindung tëschent dem QR-Code an de perséinlechen Donnéeën?

  2. Kéint mat dësem QR-Code ee Suivi gemaach ginn, zum Beispill am Kontext vun der Verdeelung vun de Masken, wien seng Maske siche war a wien net?  

Fro n°2494

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz leit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2494

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert