Connect with us

Questions parlementaires

Déierentransporter wärend Hëtztwellen

A menger parlamentarescher Fro n°841 hat ech de Landwirtschaftsminister gefrot, wat wärend der Hëtztwell de leschte Summer am Beräich vun den Déierentransporter ënnerhol gouf. D’EU-Reglement 1/2005 gesäit jo verschidde Konditioune fir Déierentransporter vir an och wéi dës organiséiert musse sinn, fir d’Wuel vun de Déieren ze garantéieren.  A senger Äntwert hat de Minister geschriwwen: ““Wat elo déi auslännesch Transporter betrëfft, déi am Transit duerch eist Land fueren, ginn dës Kontrollen vun der Douane respektiv der Police duerchgefouert. Et handelt sech hei ëm Routineskontrollen déi bei Camionen duerchgefouert ginn oder spezifesch Kontrollen déi sech op Déierentransporter konzentréieren.  Wat elo déi lescht Woch mat héijen Temperaturen betrëfft, si keng spezifesch Kontrollen duerchgefouert ginn an et sinn bei den normalen Kontrollen keng schwéierwigend Mängel opgefall.“”

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Kontrolle goufen an de Summerméint 2019 vun der Police, der Douane an der Veterinärsinspektioun am Beräich vun den Déierentransporter duerchgefouert? 

  2. Eist Déiereschutzgesetz gesäit a sengem Artikel 17 (2) Punkt 4 eng Strof vun 251 bis 200000 Euro an/oder 8 Deeg bis 3 Joer Prisong vir, fir déijéineg, déi bei engem Déierentransport d’Sécherheet an d’Wuelbefanne vun den Déiere mëssuechten. Géint wéi vill Persounen a Societéite ass dës Strof insgesamt schonns ausgesprach ginn? 

  3. Mam Summerufank stinn déi nächst Hëtztwelle sécherlech virun der Dier. Wéi eng Mesurë wäert de Landwirtschaftsminister ënnerhuelen, domat d’Temperature an den Déierentransporter fir d’Déieren agreabel bleiwen, wann se vun, op oder duerch Lëtzebuerg fueren?

  4. Ass geplangt, erëm Restriktioune bei den Déierentransporter anzeféieren, falls d’Temperature méi wéi 35 Grad erreechen? Falls jo, wat genee ass geplangt?

  5. A senger Äntwert hat de Minister iwwerdeems geschriwwen: ““Wat d’Transporter am Transit betrëfft, ass et ganz schwiereg déi ze verbidden aus dem Grond well mir keng Opfaangstrukturen, sougenannt “points d’arrêt” hei zu Lëtzebuerg hunn wou déi Déieren kënnen ofgelueden an mat Fudder an Waasser versuergt ginn.“” Ugesiichts, datt d’Regierung ëmmer erëm betount sech fir ee staarken Déiereschutz anzesetzen an dem Fakt, dass vill Camione wéinst dem Tanktourismus de Wee iwwer Lëtzebuerg fueren,  1. firwat existéiert zum aktuellen Zäitpunkt nach keng esou Opfaangstrukturen op eisem Territoire?  2. Wat wär de Käschtepunkt fir esou eng Opfaangstrukturen installéieren? 3. Wäert d’Regierung esou Opfangstatiounen zu Lëtzebuerg opriichten oder opriichte loossen?

  6. Wäert Regierung sech um europäeschen Niveau dofir asetzen, fir eng Maximaldistanz fir Déierentransporter anzeféieren? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2438

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert