Connect with us

Questions parlementaires

Coronavirus – iwwert d’Schluechthaiser bei de Konsument?

Lescht Woch gouf et an enger Fleeschfabrik bei Gütersloh an Nordrhein-Westfalen ee gréisseren Ausbroch vu Covid-19. Wéi verschidden däitsch Medien beriichten, solle ronn 1300 Mataarbechter sech mam Coronavirus infizéiert hunn a goufen ënner Quarantän gestallt (FAZ.de, 21.6.2020). D’Plattform Spiegel.de schreift an engem Artikel vum 15te Juni 2020 iwwert méiglech Covid-19-Infektiounen duerch réie Saumon a China fest:  ““Dabei scheint es aktuell eher wahrscheinlich, dass die Virenfunde auf dem Hackbrett darauf zurückzuführensind, dass der Fischhändler oder einer der Verkäufer mit dem Virus infiziert war und die Hygieneregeln nicht beachtet hat. Wenn etwa derjenige, der denLachs auf dem Brett zubereitet hat, mit Sars-CoV-2 infiziert war, könntenViren auf das Schneidebrett und auf denFisch gelangt sein. So wiederum könntensich die Betroffenen infiziert haben.“” Deemno kéint de Kontakt mat der Uewerfläch vu réie Liewensmëttel eng Source sinn, fir sech mam Covid-19 unzestiechen . Dëst implizéiert, datt d’Liewensmëttelchaîne, allem virun d’Aarbechter, déi an der Liewensmëttelkette mat frësche Wueren hantéieren, am Kader vun der Covid-19-Pandemie nach besser misste kontrolléiert ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Goufen déi zwee Schluechthaiser zu Wecker an zu Ettelbréck schonns op de Covid-19 getest?

  2. Goufen et schonns positiv Covid-19-Fäll an de béide Schluechthaiser zu Lëtzebuerg?

  3. Wéi eng Erkenntnisser besëtzt d’Regierung vis-à-vis vun Infektiounen iwwert réi Liewensmëttel?

  4. Goufen an der Liewensmëttelchaîne vu frësche Liewensmëttel weider präventiv Moossnamen géint d’Verbreedung vum Coroinavirus decidéiert? Falls nee, gëtt dëst fir d’Zukunft envisagéiert? 

  5. Schaffen an de Schluechthaiser Aarbechter oder Saisonsaarbechter, déi hire feste Wunnsëtz net zu Lëtzebuerg oder an der Groussregioun hunn? Falls dës Leit positiv op de Covid-19 getest ginn, ginn si dann an hir Heemecht zeréckgeschéckt oder kommen si heihinner a Quarantän? Falls se hei a Quarantän mussen, wou mussen dës Läit hin?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2433

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert