Connect with us

Questions parlementaires

Kuerzstreckeflich

Den neie Luxair-Chef huet an engem Interview am Lëtzebuerger Wort vum 10te Juni 2020 d’Kuerzstreckeflich als „Zubringerdienst“ definéiert: “Man kann Flüge nach Frankfurt oder Paris als Kurzstrecke sehen, doch zumeist sind diese Flüge „Zubringerdienste“ zu ferneren Zielen. Das sollte nicht infrage gestellt werden. […] Aber kaum jemand fliegt mit uns zum Charles-de-Gaulle, um einen Paris-Bummel zu machen, sondern sie steigen dort um und fliegen weiter. ” De Mobilitéitsminister hat mir op meng mëndlech Fro n°102 an der Chamber geäntwert, dass him d’Iddi, géint Kurzstreckeflich virzegoen, sympathesch wär an een sech op EU-Niveau dofir asetze misst. Och d’Ëmweltministesch hat schonns an engem RTL-Interview vum 3te Juni gesot, datt een hei am Land kéint de Wee goen, keng Kuerzstreckeflich méi unzebidden, fir déi et gutt Zuchverbindunge ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Deelt d’Regierung d’Differenzéierung vum Luxair-Chef, dass ee bei Kurzstreckeflich tëschent Zubringerdienst a City-Trips ënnerscheede muss? 

  2. Sinn d’Ministeren der Meenung, eng d’Zuchverbindung enger Fluchverbindung soll virgezu ginn, och wann et sech ëm een Zubringerdienst handelt?

  3. Wéi eng lëtzebuergesch Fluchstrecke sollten an den Ae vun de Ministere ganz ewech falen? Bis wéini sollen dës Strecken ewechfalen?

  4. Ugesiichts, datt d’EU-Parlament de Klimanoutstand ausgeruff huet an d’Klimaneutralitéit bis d’Joer 2050 freet, wäert d’Regierung op EU-Niveau agéieren, fir Kurzstreckeflich ze verbidden? Falls jo, wat hunn d’Ministeren hei konkret vir?

  5. Wéi gedenkt Regierung generell géint de Präisdumping am Low Cost ze handelen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2391

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert