Connect with us

Questions parlementaires

Vëlosprimm

D’Regierung huet decidéiert de Kaf vu Vëloen zu Lëtzebuerg méi ze subventionéieren. Iwwert de Klimafong gëtt de Kaf vun engem neie Vëlo mat bis zu 600 Euro ënnerstëtzt. Wéi de Mobilitéitsminister op RTL erkläert huet, fueren dausende Leit pro Dag mam Vëlo. Et handelt sech – an de Wieder vum Minister – ëm ee reegelrechte Boost, deen ee wëll begleeden an d’Zäit wär elo do, fir et ze maachen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Leit hu vun der erhéichter Primm fir Vëloe profitéiert?

  2. Um Site vu Myenergy steht geschriwwen: “Achat du cycle entre le 11 mai 2020 et le 31 mars 2021 (date de la facture acquittée)” Ugesiichts, datt schonns Persounen virun der Erhéijung vun der Primm bereet waren, sech een neie Vëlo zouzeleeën, wäerten déi Läit, déi fir 2020 eng Rechnung virléeë kënnen, och vun der erhéijter Primm profitéiere kënnen a retroaktiv Sue rembourséiert kréien?

  3. Ass, am Hannergrond vun der Fërderung vun enger zirkulärer Wirtschaft, geplangt, d’Primm och fir Secondhand-Vëloen auszewäiten?

  4. Wéi vill Vëloe sinn zënter 2013 (opgelëscht no Joer) beim Staat ugeschaaft ginn? Wéi vill Kilometer mam Auto konnten doduerch insgesamt agespuert ginn? Wéi vill CO2-Emissioune konnten doduerch agespuert ginn?

  5. A menger parlamentarescher Fro n°1915 hunn d’Ministere mir geäntwert, dass d’Regierung sech zum Zil gesat huet de gesamte Fuerpark vun der Regierungsmembere mëttelfristeg total CO2-emissiounsfräi ze kréien. Wat fir een Zäitraum versteet d’Regierung ënnert dem Begrëff „mëttelfristëg“?

  6. Wäert d’Regierung an deene nächste Méint een Deel vun hiere Limousinnen duerch Vëloen ersetzen?  • Falls jo, wéi vill Limousinne sollen duerch Vëloen ersat ginn?  • Falls nee, firwat net? 

  7. Wéi vill Ministeren si bereet hier Limousinnen an noer Zukunft ofzeginn an, am Kader vun hierem Mandat, nëmmen nach mam Velo a mam ëffentlechen Transport ze fueren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2354

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert