Questions parlementaires
Ausschalte vu Wandrieder
![](https://goergen.lu/wp-content/uploads/2022/10/retro-toggle-switch-on-off-isolated-on-white-backg-2021-08-29-04-54-47-utc.jpg)
Zu Garnich stinn zwee nei Wandrieder, déi zesummen ronn 16 Gigawattstonne Stroum pro Joer fir de Wandpark Garnich hirstellen. Awunner hu mer zougedroen, dass déi 2 Wandrieder reegelméisseg owes vun 18h00 bis 21h00 net méi dréinen. Dat leit awer net dorunner, dass kee Wand bléist: e puer Kilometer weider zu Stierpenech an der Belsch dréihnen d’Rieder während där Zäit normal weider.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Gëtt et ee Grond, firwat d’Wandrieder zu Garnech owes, kuerz virun 18h00, ausgeschalt ginn?
Ginn et nach Wandrieder hei am Land ginn, déi zou bestëmmten Auerzäiten systematesch ausgeschallt ginn a falls jo, aus wat fir enge Grënn gëtt dat gemaach?
QP Nummer 7072