Connect with us

Questions parlementaires

Ausschalte vu Wandrieder

Zu Garnich stinn zwee nei Wandrieder, déi zesummen ronn 16 Gigawattstonne Stroum pro Joer fir de Wandpark Garnich hirstellen. Awunner hu mer zougedroen, dass déi 2 Wandrieder reegelméisseg owes vun 18h00 bis 21h00 net méi dréinen. Dat leit awer net dorunner, dass kee Wand bléist: e puer Kilometer weider zu Stierpenech an der Belsch dréihnen d’Rieder während där Zäit normal weider.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Gëtt et ee Grond, firwat d’Wandrieder zu Garnech owes, kuerz virun 18h00, ausgeschalt ginn? 

  2. Ginn et nach Wandrieder hei am Land ginn, déi zou bestëmmten Auerzäiten systematesch ausgeschallt ginn a falls jo, aus wat fir enge Grënn gëtt dat gemaach?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7072

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert