Connect with us

Questions parlementaires

Klimateam

Zur Zäit gëtt d’Biergerpartizipatioun op Landes- a Gemengenebene getest, dëst mat Gremien wéi dem Klimabiergerrot oder Luxembourg in transition. Donieft ginn et um kommunale Niveau och d’Klimateams.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Gemengen am Land hunn ee Klimateam an d’Liewe geruff?  Ass et méiglech, eng Lëscht vun dëse Gemengen ze kréien?

  2. Wéi vill Leit maachen insgesamt bei de Klimateamen mat?

  3. Wéi gesäit d’Zesummesetzung vum Klimateam aus, opgelëscht no Gemeng:  • Prozentsaz vun “normale” BiergerInnen,  • gewielte GemengevertriederInnen,  • pensionéierte Beamten, • aktiv Beamten, • intern an extern Expären?

  4. Vu wiem ginn dës Gremien an der Reegel geleet, opgelëscht no Gemeng:  • dem Buergermeeschter selwer,  • engem Schäffen/enger Schäffin,  • engem speziell dofir bezuelten externen Expär  • oder engem Bierger/enger Biergerin?

  5. Wéi oft sinn déi eenzel Klimateamen zënter hierer Schafung zesummekomm?

  6. Wéi gëtt an de Sitzungen vum Klimateam den Ordre du jour bestëmmt?

  7. Um wéi vill Auer fannen d’Sitzungen an der Reegel statt a wéi laang daueren se am Duerchschnëtt (opgelëscht no Gemeng)?

  8. Wéi ënnerscheed sech d’Zesummesetzung an d’Aarbecht vum Klimateam vun de konsultative Kommissiounen, déi sech mam Thema Klima an Ëmwelt beschäftegen?

  9. Sinn d’Ministeren der Meenung, datt an engem kommunale Klimateam normal BiergerInnen d’Majoritéit vun der Equipp misste stellen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7069

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert