Connect with us

Questions parlementaires

Sécherheetsperimeter bei Klappjuegten

Am Kannerbongert zu Déifferdeng kënnen d’Kanner an d’Spillschoul, d’Crèche an an d’Maison Relais goen. Dës Schoulstruktur läit ausserhalb vum Duerf an der Natur. Säit d’leschter Woch ass d’Saison vun der Klappjuegd erëm am gaangen a mir ass vun Elteren zougedroe ginn, dass d’Kanner dowéinst de Kannerbongert musse verloossen an op Esch op de Gaalgebierg an d’Schoul goen. D’lescht Joer hätten d’Kanner d’Gebailechkeeten da wärend de Pausen net dierfe verloossen, wéinst der Klappjuegd.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kënnen d’Ministeren dëst bestätegen?

  2. Gëtt d’Klappjuegd effektiv als esou geféierlech fir d’Kanner am Kannerbongert ageschat?

  3. Wa jo, firwat gëtt et kee Sécherheetsperimeter ronderëm de Kannerbongert, dee grouss genuch ass fir sécher ze stellen, dass de Kanner näischt geschitt?

  4. Gëtt et allgemeng ee Sécherheetsperimeter ronderëm Gebaier wann Klappjuegte sinn? Wa jo, kann d’Minitesch hei Detailer nennen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7066

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert