Connect with us

Questions parlementaires

Foussgängerluuchten

Den Gemengeconseiller François Benoy huet op Twitter e Video gepost, op dem eng Foussgängerluucht ze gesinn ass, déi grad mol e puer Sekonne fir Foussgänger gréng ass. Am Video gesäit een och, dass eng fit Persoun grad esou iwwert d’Strooss kënnt, äert d’Luucht nees rout gëtt.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ginn et fest Krittären, wéi laang eng Foussgängerluucht fir Foussgänger muss gréng sinn, zum Beispill baséierend op der Breet vun der Strooss? Wann jo, wéi eng sinn dat? Wann nee, firwat net?

  2. Falls d’Äntwert op d’Fro 1 jo ass, gëtt kontrolléiert, op dës Krittären och tatsächlech agehale ginn? Falls nee, firwat net?

  3. Gëtt beim Astelle vun de Foussgängerluuchten dorop opgepasst, ob dës och fir Leit mat enger Behënnerung oder fir eeler Leit, déi net méi esou schnell ze Fouss sinn, ze packen ass?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7047

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert