Weider Froen zum “Geheime Casier” vun der Police

Ginn et bei der Police geheim Dossieren iwwer onschëlleg Biergerinnen a Bierger? D’Pirate wënschen sech op dës Fro eng éierlech Äntwert vun der Regierung. An eiser Question parlementaire froen mir eng Opklärung a Bekennung vun de Responsabelen:

Här President, […]

Aus der Äntwert vum Premier Minister Xavier Bëttel op d’parlamentaresch Fro n°640 vum honorabelen Deputéierte
Laurent Mosar (CSV) zu dem sougenannten „Geheime Casier“ geet ervir, dass d‘Police iwwert ee „Fichier central“ verfüügt, dee sämtlech Protokollen a Rapporten regroupéiert, déi vun officiers de police judiciaire (OPJ) an agents de police judiciaire (APJ), konform zum Code de procédure pénale, geschriwwen gi sinn. Dëse „Fichier central“ faasst delikat Informatiounen iwwert d‘Biergerinnen a Bierger an enger Datebank zesummen.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  1. Vu wéini un existéiert dee „Fichier central“? Gouf d‘Regierung an der Vergaangenheet vun der Existenz vum „Fichier central“ an d‘Bild gesat? Wa jo, goufen et Bedenken a Saache Sécherheet, Legalitéit an Ethik?
  2. Wéi eng Ministere woussten, säit 2012, iwwert d’Existenz vum “Fichier central” Bescheed, respektiv, wéi
    enge Ministere gouf d’Existenz vun dësem Fichier zougedroen an zu wéi engem Zäitpunkt?
  3. Kéint d’Regierung präziséieren op wéi enger Software de „Fichier central“ vun der Police baséiert an duerch wéi eng Secherheetsoutilen e geschützt ass? Kann de Minister garantéieren, datt dës Base de données adequat géint Cyber-Attacken protegéiert ass?

Mat déiwem Respekt,
GOERGEN Marc
Député

Elektroautoe brauchen E-Luetstatiounen. Wéi wäit ass Lëtzebuerg ?

D’Piraten hunn de Mobilitéits- an dem Energieministeren eng Fro zum Ausbau vun den Elektro-Luetstatioune gestallt.

Am Folgende fannt dir den Text vun eiser Fro:

D’Regierung huet am Koalitiounsofkommes d’Transitioun op d’Elektromobilitéit als ee Käruleies definéiert, woubäi d’Part vum Elektroauto op eise Stroossen iwwert den Taux vun aktuell 1,8% klamme soll. Fir de gudde Fonktionnement vun dësem Projet ze erméiglechen, musse flächendeckend elektresch Luedestatioune gebaut ginn. An dem Kontext stellt sech déi kruzial Fro wéi ee wirtschaftleche Modell fir den Ausbau vum Reseau geholt gi soll. Am Koalitiounsaccord huet déi lëtzebuergesch Regierung zu dësem Thema Folgendes festgehalen: “Les études en cours en vue de permettre l’installation de stations à recharge à haute puissance pour véhicules électriques sur les aires d’autoroute […] seront finalisées à brève échéance en vue de déterminer le modèle économique approprié (concession ou Etat-opérateur).” (Säit 161)

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  1. Besëtzen d’Ministeren aktuell Zuelen an Erklärungen zu der Part vum Elektroauto zu Lëtzebuerg?
  2. Sinn déi a menger Introduktioun genannten Etüde schonn finaliséiert? Falls nee, wéi wäit sinn d’Ministèrë mat der Aarbecht un dësen Etüden? Wéini gedenken d’Ministeren déi genannten Etüden ze publizéieren?
  3. An eisem Nopeschland Däitschland investéieren zur Zäit grouss Autosfirmen an de Reseau vun den
    Opluetstatiounen. Wäert d’Regierung sech an dem Kontext um däitsche Modell orientéiere fir private Firmen d’Méiglechkeet ze ginn an den Energiereseau ze investéieren?

Eng Fro zum Schantjen zu Lénger

Op der Streck tëscht Lénger a Käerjeng ass rezent ee Schantjen opgaangen, deen den Traffic zu Péiteng zurzäit immenz beanträchtegt. Mir wëlle vum Minister Bausch méi iwwert d’Situatioun wëssen an hu nogefrot.
Hei ass den Text zu eiser Fro:

Um CR111, der Verbindungsstrooss tëscht Käerjeng a Péiteng, ass rezent ee Schantjen um Terrain op Käerjenger Säit opgaangen, wouduercher d’Strooss aktuell komplett fir de Verkéier gespaart gouf. Et handelt sech bei dëser Strooss ëm eng beléiften Ausweichroute vun den Awunner, déi virun allem am Moiestrafic d’Haaptachsen entlaascht. D’Ofspärung vun dëser Strooss dréit aktuell dozou bei, dass den Trafic, an a ronderëm Péiteng, d’Haaptachse vun der Gemeng iwwerlaascht.

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  1. Ëm wéi eng Aarbechten handelt et sech bei dësem Schantjen a wéi laang wäert d’Strooss nach blockéiert sinn?
  2. Ginn déi uleiend Nopeschgemenge bei enger Sperrung vun engem CR iwwert d’Situatioun informéiert? Ass an dësem Fall d’Gemeng Péiteng iwwert d’Sperrung informéiert ginn? Falls nee, firwat net?
  3. Gedenkt de Minister iergendwellech Mesuren ze ënnerhuelen, fir déi aktuell Trafficsituatioun an a ronderëm Péiteng ze entschäerfen?

Mat déiwem Respekt,
GOERGEN Marc
Député

32 Milliounen Euro fir ee Regierungspavillon an Dubai?

D’Lëtzebuerger Regierung mëscht 32 Milliounen Euro locker, fir ee Pavillon op der Weltexpo zu Dubai bauen ze loossen. Dëse Pavillon gëtt, no 6 Méint am Asaz, dann erëm demoléiert a recycléiert. Doriwwer eraus stellt sech d’Fro vun de Mënscherechter vum Personal an Dubai. D’Regierung soll kloer Faarf bekennen an erzielen, wéi eng Interessen hannert dësen Ausgaben stinn.

Am Folgende Text fannt dir een Ausschnëtt aus der Question Parlementaire:

Op der Expo 2020 an Dubai wäert Lëtzebuerg mat engem Pavillon vertruede sinn. D’Käschte vum Bau vum Pavillon souwéi d’Fraisen vum Fonctionnement ginn duerch ee Private-Public- Partnership finanzéiert an dem d’Regierung sech, sou den Informatioune vun der Generalkommissärin Maggy Nagel no, mat 32 Milliounen bedeelegt. Dës investéiert Zomm erschéngt héich, wann ee bedenkt, dass de Pavillon no der Expositioun demoléiert a recycléiert wäert ginn. Des Weideren stellen sech Bedenken iwwert de Bau vum Pavillon, wann ee weess, wéi et ëm d’Mënschen-an Aarbechtsrechtssituatioun an den Vereenegten Arabeschen Emirate bestellt ass.
An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  1. Kann d’Regierung confirméieren, dass déi vun der Regierung confirméiert Contributioun vun 32 Milliounen Euro, wäert agehale ginn? Ass den Ofbau an de Recyclage vum Pavillon an dësen 32 Milliounen Euro virgesinn?
  2. Consideréiert d’Regierung, déi 32 Milliounen Euro fir d’Expo 2020 Dubai als Investment oder als Charge? Falls d’Regierung d’Zomm als Investment gesäit, mat wéi engen direkten oder indirekte Recetten rechent den Här Minister Schneider
    a. wärend der Expo 2020 Dubai?
    b. An de Jore no der Expo 2020 Dubai?
  3. Ass d’Regierung der Meenung, dass ee Pavillon, dee 32 Milliounen Euro kascht, sechs Méint a Betrib wäert sinn an dono erëm ofgerappt gëtt, ee nohaltege Projet duerstellt?
  4. Wéi een Aarbechtsrecht gëllt fir d’Personal, dat um Bau vum Pavillon bedeelegt ass an de Betrib vum Pavillon wärend der Expo 2020 garantéiert?
  5. Stuuft d’Regierung den Aarbechterschutz an den Emiraten ähnlech héich an wéi de lëtzebuergesche Code du Travail ?
  6. Opgeschlësselt op d’Joren 2017 bis 2021, wéi eng Ausgaben si fir de Management vum Groupement d’Intérêt Economique “Luxembourg @ Expo 2020 Dubaï EXPO GIE DUBAI” virgesinn? Wéi vill Persounen hunn een Aarbechtskontrakt an
    dësem Groupement d’Intérêt Economique?
  7. Ass d’Regierung der Meenung, dass d’VAE fräiheetlech, rechtsstaatlech an demokratesch Wäerter vertrieden? Wéi jugéiert d’Regierung d’Mënscherechtssituatioun an den VAE?
  8. Ass d’Regierung der Meenung, dass d’wirtschaftlech Interesse vun der Participatioun un der Expo 2020 Dubai méi wichteg sinn wéi de Respekt vun de Mënscherechter an den Emiraten? Falls nee, wéi eng Mesuren wäert d’Regierung ënnerhuelen, fir sech fir d’Stäerkung vun de Mënscherechter an de VAE anzesetzen?

Social Media Accounts vu Ministeren

Facebook, Twitter, Instagram. Vill vun de Ministerinnen a Minister sinn op Social Media aktiv. Mer hunn de Staatsminister gefrot, wéi d’Benotzung vu Social Media ënnerhalb vun der Regierung gehandhaabt gëtt an ob hei Verhalensreegelen opgestallt gi sinn.

D’Benotze vu Social Media zu Promotiounszwecker ass hautzedaags een essentiellt Element vun all Publicitéit. Och an der Politik si Social Media Konten nëtzlech, fir am Austausch mat der Gesellschaft ze sinn. An dem Kontext haat den Den Här Minister Bausch ugekënnegt, sein Twitter-Konto opzeléisen an d’Plattform an Zukunft net méi weider ze benotzen.

All Inhalt, deen e Politiker op de soziale Medie post, ass gläichzäiteg eng Informatioun, déi d’ëffentlech Perceptioun vun der Identitéit vun der Persoun an der Partei beaflosst. Wann zum Beispill d’Madamm Familljeministesch op Twitter, wéi et rezent de Fall war, eng Foto vu sech mam Här Premierminister publizéiert, op der d’Logo vun enger grousser internationaler Versécherungsgesellschaft ze gesinn ass, kéint dat de Bierger noleen, dass déi ofgebillten Persoun an hir Partei dës Organisatioun ënnerstëtzen oder vun hir ënnerstëtzt ginn.

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  1. Existéiere fir d’Regierungsmembere Reegelen, déi d’Deelen oder d’Publizéiere vu Contenuen op Social Media definéieren? Wien ass responsabel fir d’Benotzung vun de Social Media Konte vun de Regierungsmemberen? Däerf all Minister seng Contenuen op Social Media selwer bestëmmen?
  2. Wéi eng Regierungsmembere verwalten hir Social Media Konte selwer? Wéi eng Regierungsmembere loossen d’Gestioun vun hire Konten duerch Assistenten oder Mataarbechter bedreiwen?

3. Wéi eng Positioun vertrëtt d’Regierung zum Posten an Deele vu Logoe vu grousse Privatentreprisen duerch d’Konte vu gewielte Volleksvertrieder? Mengt d’Regierung net, dass esou Posts falsch Zeeche vis-à-vis vun der Impartialitéit vun engem Mandat setze kënnen? Falls nee, firwat net?

Werbung an eegener Saach?

Den Ëmweltministère, ënnert der grénger Ministesch Dieschbourg, huet dëse Mount eng Sensibiliséierungscampagne zum Thema Plastik gestart. Komesch, dass dës Campagne grad elo virun der Europawahlcampagne lancéiert gëtt an Déi Gréng dës op Social Media kräfteg werben. Mer wëlle vun der Madamm Ministesch wëssen, ob dat puren Zoufall ass oder ob hei de Budget vum Ministère indirekt benotzt gëtt, fir Werbung an eegener Saach ze maachen.

Eent vun den Haaptthemen an der Ëmweltpolitik betrefft déi zukünfteg Handhabung vum Plastik ass. Ee Groussdeel vun der Gesellschaft huet mëttlerweil begraff, dass de Plastik net als nohalteg Ressource daagt an dass d’Politik, fir d’Ëmwelt ze schützen, d’Produktioun, d’Verwennung an d’Entsuergung vu Plastik besser reguléiere muss. Den Ëmweltministère huet dofir am Abrëll eng Sensibiliséierungscampagne zum Thema Plastiksoffall erstallt, fir op d’Konsequenze vum Plastikoffall vum Ewechgeheie vum Plastik opmierksam ze maachen. Den Zäitpunkt vun dëser Campagne ass zoufällegerweis kuerz virum Ufank vun der Campagne zu den Europawahlen 2019 a gëtt vun der Partei vun der Madamm Ministesch aktiv promouvéiert. Et wär, nieft der Sensibiliséierungscampagne, awer interessant ze wëssen, wat fir eng Mesuren zum Thema Plastik d’Madamm Ministesch no 6 Joer am Amt effektiv ëmgesat huet.
An deem Zesummenhang wéilt ech der Ministesch dës Froe stellen:
1. Madamm Ministesch, opgeschlësselt op d’Joren 2013 bis 2019, wéi vill Tonne Plastiksoffall (Bioplastik ausgeholl) sinn insgesamt zu Lëtzebuerg entstanen? Ass de Konsum vum Plastik erop gaangen oder huet en sech reduzéiert? Falls d’Madamm Ministesch dës Zuelen net huet, wär et net opportun dës Donnéeën ze sammelen?
2. An enger Synopsis an opgelëscht säit 2013, wéi eng konkret Mesuren huet d’Regierung ënnerholl fir de Konsum vu Plastik ze reduzéieren? Ass d’Madamm Ministesch der Meenung, dass dës Mesuren effektiv waren? Falls jo, besëtzt d’Madamm Ministesch Zuele fir d’Effektivitéit kennen ze beleeën?
3. Ass d’Wahl vum Zäitpunkt a vun der Thematik vun dëser Sensibiliséierungscampagne op ee wahlkampftaktescht Manöver tëscht der Ëmweltministesch an hirer Partei zeréckzeféieren?
4. Gesäit d’Madamm Ministesch et deemno als Zoufall, dass d’Sensibiliséierungscampagne, déi vum Ëmweltministère bezuelt gouf, kuerz virum Ufank vun der Europawahlcampagne 2019 vun hirer eegener Partei am Kader vun engem wichtege Wahlkampfthema benotzt gëtt?

Äntwert op eis Fro: Hackerungrëff op Education.lu

Wéi d’Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek de 5te Mäerz beriicht, gouf et op der Plattform vum Bildungsministère ee gréisseren Dateklau vu Passwierder, mat dem sech Hacker Accès op d’Konte vu Benotzer verschaaft hunn. Op Nofro bei engem Bedeelegten ass eis dës Informatioun confirméiert ginn. No deenen eis virleienden Informatiounen, hunn d’Benotzer vun education.Iu an hirer Boîte een engleschsproochege Mail scheinbar vun hinne selwer geschéckt gouf. An dësem Mail gëtt de Benotzer gefuerdert eng Zomm Sue via Bitcoin un een Erpresser ze iwwerweisen. Mat engem einfache Passwuertwiessel kéint een den Hacker ganz einfach erëm vu sengem Konto ausschléissen. Leider ass et sou, dass d’Benotzer aktuell net iwwert d’Rechter besëtzen, fir hiert eegent Passwuert ze änneren. Soumat sinn zurzäit Schüler an Enseignanten engem Erpressungsversuch ausgesat an hunn aktuell keng Kontroll iwwert hiert Konto.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  • Huet d’Regierung Kenntnis vun dësem Hackerugréff an Erpressungsversuch op education.Iu? Falls jo, wéi vill Konte sinn hei insgesamt betraff?
  • Gouf déi informatesch Faille op education.Iu geléist? Falls jo, wéi gouf se geléist? Falls nee, wéi vill Zäit schâtzt d’Regierung, dass et brauch fir d’Faille ze léisen? Wat waren d’Ursaache vun der Faille?
  • Wéi eng Mesure goufen ënnerholl fir de Schüler an Enseignanten ze hëllefen?
  • Wéi eng Mesure wäert d’Regierung an Zukunft ënnerhuelen, fir Schüler virun Hackerattacken an Erpressungsbréiwer op ëffentleche Plattformen ze schützen?

Äntwert op eis Fro: DP net ganz integer

An der Äntwert op d’Ried zur Aussepolitik vum Här Ausseminister de 14te Mäerz an der Chamber, huet en Deputéierte vun der DP deklaréiert, eng méiglech EU-Erweiderung war an der aktueller Situatioun als net opportun ze wäerten. Fir hien ze zitéieren “Ech soe ganz kloer am Numm vu menger Partei, dat et net als opportun ugesi fir elo Demarchen ze maachen d’europäesch Unioun nach ze erweideren. Dat gëllt souwuel fir d’Tierkei wéi och fir d’Balkanstaaten.” Dës Ausso ass net identesch mam Koalitiounsaccord, wou geschriwwe steet “La politique d’intégration européenne de tout Etat européen qui respecte les valeurs fondamentales de l’Union sera soutenue.” (Säit 214).

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

• Am Hannergrond vun der Diskrepanz tëschent den Aussoe vun der DP-Fraktioun an deenen am Koalitiounsvertrag, wéi eng Positioun vertrëtt d’Regierung an der weiderer europäescher Integratioun vun den aktuellen EU-Bäitrëttskandidaten?

D’Regierungspositioun zu der Érweiderungspolitik vun der Europäescher Unioun ass am Koalitiounsaccord 2018-2023 festgehalen. D’europäesch Integratiounspolitik vun all europäeschem Staat, deen d’Grondwäerter vun der Unioun deelt, gëtt ënnerstëtzt. De Schwéierpunkt vun dëser Baitrëttspolitik muss op dem Respekt vun de Kopenhagener Kritären an op enger Beuerteelung vun ail Land opgrond vum Prinzip vun der eegener Leeschtung leien, woubai d’integratiounsfahegkeet vun der Europäescher Unioun berécksiichtegt muss ginn. Besonnesch Opmierksamkeet gëtt gebraucht wann et em de Respekt vum Rechtsstaat, em d’Grondfraiheeten a Grondrechter, souwéi em déi gutt Relatioune mat den Nopere geet.

Äntwert op eis Fro: Zero-Day-Hack

Question parlementaire n° 490 du 12 mars 2019 de Monsieur le Député Marc Goergen

D’Publikatioun vun enger Faille informatique nom Modell vum US-amerikanesche Vulnérabilités Equities Process (VEP) kann engersaits d’Entreprisen an de Public sensibiliséieren, sech besser géint informatesch Viren ze schützen. Anerersaits profitéieren dovunner awer och d’Internetpiraten, andeems si genee dés Informatiounen notzen fir d’MaIware ze adaptéieren an vill méi schnell gezielt Attacken ze starten, ewéi d’Betrieber oder d’Privatpersoune kënne reagéieren.

Wéi schonn an der Äntwert op d’Question parlementaire no° 299 vum 1. Februar 2019 erklaert ginn ass, geschitt den Asaz vun sougennanten Trojaner op Basis vum Artikel 88-1 vum Code de procédure pénale (CPP) duerch déi virgesinne Servicer ënnert den opgezieltene Konditiounen. Des Moyene ginn op Uerder an ënnert der Kontroll vun engem Magistrat ausgeféiert. Déi am CPP virgesinne Asprochsméiglechkeeten gëllen och an dëse Fâll.

Iwwert déi technesch Aspekter vun verschiddene Moyene kann aus sécherheetsrelevante an ermettlungstechnesche Grënn net kommunizéiertginn.

Äntwert op eis Fro: “Lëtzshop” Concurrence déloyale?

Question parlementaire N” 529 du 19 mars 2019 de Monsieur le Député Marc Goergen

D’Konte vum Geschäftsjoer 2018 waerten um 20. Mee 2019 op der Assemblée générale vum GIE “Luxembourg for Shopping” presentéiert ginn an duerno, sous réserve dass d’Assemblée générale dës och guttheescht, am RCSL déposéiert ginn. No dësem Dépôt waerten d’Konten dann och ëffentlech zougänglech sinn.

De Finanzéierungsmodell vu Letzshop stellt keng déloyal Konkurrenz fir privat Online-Verkafsplattformen duer an dëst direkt aus e puer Grënn :

1′ Diskrepanz tëschent Offer an Nofro.

Ewéi schonn an der Antwert op déi parlamentaresch Ufro N* 380 illustréiert, besteet am Online-Geschëft zu Lëtzebuerg eng grouss Differenz tëschent der Nofro vun de Clienten an der Offer vun eise lokale Betriber. De Lëtzebuerger Marché huet an dëser fundamentaler Fro deemno versot. Hei kann een aiso vun aussergewéinlechen Ëmstann schwatzen, déi d’Agrâife vum Lëtzebuerger Staat berechtegen.

Wann déi positiv Konsequenze vun enger ëffentlecher Moossnam eng potentiell Konkurrenzverfaischung iwwerweien, erlaben d’Artikelen 106-109 vum Vertrag iwwer d’Fonctionnement vun der Europâescher Unioun eng Staatshëllef ze accordéieren. Dëst ass beim Projet Letzshop de Fall.

Duerch Letzshop gëtt ee “service d’intérêt économique général” offréiert, deen et an dar Form virdrun zu Lëtzebuerg net gouf. Dëst kënnt virun allem de Bierger ze gutt, déi weiderhin vun engem innerstàdtesche Commerce an enger dynamescher lokaler Offer profitéieren kënnen, sief dat online oder am Geschàft selwer.

2° Ëffentlech Ausschreiwung

Fir d’Entwécklung vun der Marketpiace Letzshop ass eng ëffentlech Ausschreiwung vum Staat gemaach ginn. Ail Acteur aus dem Secteur hat aIso déi selwecht Chance sech kënnen un dëser Ausschreiwung ze bedeelegen.

3* Multichannel-Verkaf

Ech wëll nach drop hinzeweisen, dass Letzshop dem Lëtzebuerger Handel keng Internet-Sâiten erstellt, ma dass Letzshop just eng Internetpiattform ass, op dar d’Geschâfter hier Produkter zum Verkaf ubidden an dësen och selwer ofwéckelen. D’Equippe vum GIE weist systematesch hir Clienten op d’Wichtegkeet vum “Multichannel-Selling” hin. An deem Kontext bidden si op der Sait academy.letzshop.lu ee Répertoire vu sâmtleche Web-Agencen un fir déi Betriber, déi nieft hirer Bedeelegung bei Letzshop.lu, och eng eegen, op hier Bedierfnisser ugepasste Websait fir den online Handel entwéckele wëllen.