Nofro op eis Question parlementaire iwwert de Findel

No engem laange Waarden hu mer misste feststellen, dass d’Äntwerten op eis parlamentaresch Fro n°615 zimlech kuerz ausgefall sinn. Dofir hu mir zu verschiddene Punkte vun der Fro nach eng Kéier nogehaakt hunn.

Hei ass eis nei Fro:

A menger parlamentarescher Fro n°615 hat ech den honorabele Minister Bausch iwwert den Incident vum 23. Februar 2019 um belsche Militärstëtzpunkt „Kleine Brogel” befrot a wat fir Konsequenzen dësen Incident op d’Sécherheetsmesurë vum Fluchhafe Findel hat.

No méi wéi zwee Méint – also méi Zäit, wéi de Chambersreglement zouléisst – krut ech an enger ganz kuerzer a präziser Äntwert een Deel vu menge Froe beäntwert. E puer vu menge Froen hu leider keng Beuechtung vum Här Minister fonnt, soudass ech him se ënnert anerer Form nach eng Kéier stelle wëll:

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  • Sinn nom Incident um “Kleine Brogel” d’Sécherheetsmoossname ronderëm an um Findel verstäerkt ginn?
    • Falls jo, wéi eng Mesuren si getraff ginn a wat war de Käschtepunkt vun dësen?
    • Falls nee, firwat net?
  • Schätzt de Minister, dass deen a senger Äntwert genannten Plan de Sûreté Aéroportuaire duergeet fir Zivilisten dovun ofzehale mat gewéinlechen Handwierksgeschir op de Fluchhafe Findel anzedréngen ?

Mat déiwem Respekt,
GOERGEN Marc
Député

Plastikverbrauch zu Lëtzebuerg

Eent vun den Haaptthemen an der Ëmweltpolitik betrefft déi zukünfteg Handhabung vum Plastik. Ee Groussdeel vun der Gesellschaft huet mëttlerweil begraff, dass de Plastik net als nohalteg Ressource daagt an dass d’Politik fir
d’Ëmwelt ze schützen d’Produktioun, d’Verwennung an d’Entsuergung vum Plastik besser reguléiere muss.

An deem Zesummenhang wéilt ech der Ministesch dës Froe stellen:

  1. Wéi vill Tonne Plastiksoffall (Bioplastik ausgeholl) sinn tëscht 2013 an 2019 insgesamt souwéi am
    Duerchschnëtt pro Kapp zu Lëtzebuerg entstanen? Ass de Gebrauch vum Plastik erop gaangen oder huet en sech reduzéiert? Wéi ass dës Tendenz ze erklären?
  2. Opgelëscht no Joer, wéi eng konkret Mesuren huet d’Regierung säit 2013 ënnerholl fir de Konsum vum Plastik
    ze reduzéieren?
    Waren dës Mesuren effektiv?
    Falls jo, kann d’Regierung d’Effektivitéit vun de Mesuren mat Zuelen ënnermaueren?

Wou bleiwen d’Remboursementer vun der CMFEP?

Bei der Krankekeess vun de Fonctionnairen a Staatsbeamten (CMFEP) daueren d’Remboursementer aktuell ëm déi 6 Wochen. Mir hu bei deenen zoustännege Ministere nogefrot, wou et hänkt:

Hei ass eis Fro:

Här President,

Sou wéi den Artikel 83 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Ministere fir Sozialversécherung & Ëffentlechen Déngscht weiderzeleeden.

Mir gouf zougedroen, dass et bei de Krankekeess vun de Fonctionnairen aktuell zu ville Verspéidunge bei de Remboursementer kënnt. Zréckzeféieren ass dëst anscheinend op ee Manktem u Beamten an der Krankekeess vun de Fonctionnairen an de Staatsbeamten (CMFEP). 

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  • Fir d’Joren 2017, 2018 an 2019, wéi vill Deeg huet eng Demande de Remboursement  bei der CMFEP am Duerchschnëtt jeeweils gedauert? Wéi ass dës Tendenz ze erklären?
  • Wéi laang dauert et aktuell bis déi bei der CMFEP Versécherten hir Remboursementer ausbezuelt kréien? Am Fall wou et zu Verspéidunge komm ass, op wéi eng Grënn sinn dës Verspéidungen zeréckzeféieren? 
  • Wéi eng Mesurë wäerten déi zoustänneg Ministeren ënnerhuelen, fir d’Situatioun vun de Versécherten ze verbesseren?
  • Sinn d’Servicer vun der CMFEP personell ënnerbesat? Falls jo, wäerten d’Ministeren ee Recrutementsplang opstellen?

Mat déiwem Respekt,
Marc Goergen
Deputéierten

Tanktourismus zu Lëtzebuerg

Den 23. Februar 2005 huet d’Fraktioun vun Déi Gréng eng Motioun zum Thema Tanktourismus an der Chamber
deposéiert. An dëser Motioun huet d’Chamber d’Regierung opgefuerdert eng Etüd iwwert den Tanktourismus ze
realiséieren an, op Base vun dëser, eng Strategie auszeschaffen fir de Konsum vun Treibstoffer ze reduzéieren.
Dës Motioun gouf ee Joerzéngt spéider schlussendlech realiséiert an d’Studie ass 2016 virgestallt ginn. Op Base
vun den Analysen huet d’Regierung verschidde Mesuren zréckbehalen, mat deenen se den Treibstoffverkaaf zu
Lëtzebuerg reduzéiere wëll.
An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  1. Eng vun de Mesurë gesäit d’Aféiere vun engem Monitoring iwwert d’Evolutioun vum Treibstoffverkaf vir. Opgeschlësselt pro Joer, wéi vill Treibstoff ass an de Joren 2013 bis 2018 verkaf ginn? Weist d’Tendenz eng Erhéijung oder eng Reduzéierung vum Treibstoffverkaf zu Lëtzebuerg un? Wéi ass dës ze erklären?
  2. An e puer europäesche Länner ass beschloss ginn, dass ab engem gewësse Joer nëmmen nach abgasfräi
    Neiween däerfe verkaf ginn. A Norwegen sollt dës schonn ab 2025 de Fall sinn, a Frankräich ab 2030. Wäert d’Regierung legiferéieren fir ab 2030 keng Neiween mat Verbrennungsmotor méi zouzeloossen? Falls nee, ass een anert Joer fir d’Verbuet eng Optioun?
    Falls nee, wéi eng Positioun vertrëtt d’Regierung géigeniwwer engem Verbuet vum Verkaf vu Neiween mat Verbrennungsmotor?

Ee CDD, deen ni ophält?

Mir wëlle vun der Regierung wëssen, firwat d’Reegelen am Aarbechtsgesetz zum CDD fir verschidde Beruffer net gëlle sollen.

Hei ass eis Fro:

De Code du Travail reegelt d’Konditiounen vum Asaz vun engem Contrat à durée déterminée (CDD). Den Artikel 122-1 reegelt d’Bedéngungen, an deenen ee CDD däerf agesat ginn. Hien definéiert, dass de CDD just fir eng präzis a befrist Aufgab opgestallt gëtt. Eng permanent Beschäftegung ënnerhalb dem normalen Aarbechtsoflaf gëtt domat also ausgeschloss.

Trotzdeem ginn et hei am Land nach CDDen, déi dësem Prinzip vun der zäitlecher Limitatioun net entspriechen. Fir bestëmmte Beruffer, dorënner och d’Chargé de Cours, gëllen nämlech Exceptiounen, soudass ee CDD fir dës Beruffer méi wéi 24 Méint bedroe kann an och méi wéi zweemol ka verlängert ginn.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  • Opgelëscht no all Punkt vum Artikel 122-5 Paragraf (3) vum Code du Travail, firwat sinn déi an dësem Paragraf genannte Beruffer vun de gängegen Dispositioune vum CDD ausgeholl? No der selwechter Oplëschtung, ass d’Regierung der Meenung, dass dës Ausname par Rapport zu de generelle Konditioune vum CDD justifiéiert sinn?
    • Falls jo, wat schwätzt fir d’Erhale vun der aktueller Derogatioun?
    • Falls nee, wéi wëll d’Regierung dozou legiferéieren?

Wéi kennt een un d’Donnéeën vun engem fixe Radar?

Mir wëlle vun der Regierung wëssen, wéi eng Rechter Beschëllegter hunn, déi vun engem fixe Radar geblëtzt gi sinn. Des Weidere wëlle mir wëssen, ob an Zukunft d’Läit iwwert Internet hir Extraiten vun de Fotoen ufroe kennen.

Hei ass eis Fro:

Här President,

Sou wéi den Artikel 83 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Ministere fir Mobilitéit, Justiz & Digitalisatioun weiderzeleeden.

Wéi déi däitsch Medie mellen, ginn et bei eisem Nopeschland vill Problemer mat de fixe Radaren, well et bei de Miessungen oder bei der Auswäertung vun den Donnéeë säitens de Ministèren ëfters zu Feeler kennt. Feeler, déi viru Geriicht awer schwéier noweisbar sinn, well et de Beschëllegten onméiglech gemaacht gëtt un d’Miessdonnéeën, déi sougenannten Rohmessdaten, vun de Maschinnen ze kommen. 

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  • Späicheren déi automatesch Radaren, déi fir d’Aufgabe vum Système de contrôle et de sanction automatisés zu Lëtzebuerg installéiert goufen, och d’Rohmessdaten zum Zäitpunkt vun der Infraktioun of? 
    • Falls jo, wou a wéi laang sinn dës Donnéeë gespäichert?
    • Besëtzen Beschëllegter zu Lëtzebuerg ee Recht dorobber, een Extrait vun dësen Donnéeën ze kréien? Falls nee, firwat net?
  • Aktuell kann ee Beschëllegten d’Foto, op der den Tatbestand ze gesinn ass, just am Büro CSA zu Bartréng consultéieren. Wär et, am Kader vun der vill gepréidegter Digitaliséierung, denkbar, dass den Accès zur Foto iwwert eng elektronesch authentifizéiert Demande (i.e. Myguichet) geschéihen kéint? Wëll d’Regierung dëst an d’Weër leeden?

Mat déiwem Respekt,
Marc GOERGEN
Députéierten

208163

Huet den Aarbechts- a Sportminister seng Kompetenzen iwwerschratt?

No den Attacken op zwee Tanker am Golf vum Oman, huet den Här Aarbechts- a Sportsminister Dan Kersch Stellung op de soziale Medie geholl an duergestallt, dass hien net mat Krichshandlunge géint den Iran averstane wär. Hei schreift hien, dass hien sech vu Lëtzebuerg erwaart, am Fall vun engem Krichsszenerio ënnert kenger Form an dësem ze intervenéieren.

D’Decisioun, fir an enger Konfliktsituatioun ze intervenéieren, gëtt awer an dem Fall net vum Här Aarbechts- a Sportminister decidéiert, mee op Basis vum Gesetz vum 27. Juli 1992 “relative à la participation du Grand-Duché de Luxembourg à des opérations pour le maintien de la paix (OMP) dans le cadre d’organisations internationales” getraff, wou de Regierungsrot d’Entscheedungsfäegkeet zougeuerdent kritt.

An dem Zesummenhang hu mir der Regierung folgend Froe gestallt:

  1. Besëtzt d’Regierung iergendwellech Informatioune vum SREL oder vun auslännesche Geheimdéngschter, déi eng Interventioun säitens Lëtzebuerg legitiméiere géifen? Hat den Aarbechts- a Sportminister een Abléck an esou Dokumenter oder huet hien a sengen Aussoen op Presseartikele reagéiert?
  2. Wollt den Här Aarbechts- a Sportminister mat sengen Aussoen Afloss op ee Ministère ausüben, fir deen hien net kompetent ass? Wéi eng Positioun vertrëtt d’Regierung
    géigeniwwer dem Här Minister Kersch sengen Aussoen, dass hien am Fall vun enger Interventioun vu Lëtzebuerg, säin Amt nidderleeë wëllt? Consideréiert d’Regierung dës
    Ausso als eng Aart Erpressung?
  3. Wéi fiabel schätzt d’Regierung d’Aussoe vum NATO-Partner USA, och en vue vun den deemolegen Aussoe virum Irak-Krich?
  4. Wäert d’Regierung, am Fall vun engem eventuelle Krisenzeenario, wéi den Här Aarbechtsminister en duerstellt, am nächste Regierungsrot eng Decisioun treffen? Géif d’Regierung, Stand haut, een NATO- oder EU-Engagement an der Regioun ënnerstëtzen?
  5. Den Aarbechts- a Sportminister hat och nach d’Ausso gemaacht “den vun den USA ugefachten Irak-Krich, den noofolgenden Syrien-Krich mat all sengen Konsequenzen huet Europa immens geschued.”
    a. Deelt d’Regierung dem Aarbecht- a Sportminister seng Opfaassung, dass de Syrien-Krich eng Konsequenz vum Irak-Krich ass?
    b. Gesäit d’Regierung d’USA an der Matschold am Syrien-Krich?
  6. Gouf, am Kader vum Besuch vum russesche Premierminister zu Lëtzebuerg, d’Situatioun a Syrien an am Iran thematiséiert?
    a. Falls jo, wéi eng Inhalter goufen zu dësem Sujet beschwat?
    b. Huet Russland an deenen Diskussioune versicht d’Regierung vun der russescher Positioun ze iwwerzeegen?

Update 16. Juli 2019. An hiren Äntwerten op eis Froen, geet d’Regierung net weider op de PR-Stunt vum Här Aarbechtsminister an. D’Ministere verweisen drop, dass der Regierung hir Positioun kloer wär. Mir Pirate constatéieren: esou kloer huet dat am Facebook Post vum Minister Kersch net ausgesinn.

D’Zukunft vum CHEM Nidderkuer bestëmmen

2025 soll dat neit Südspidol zu Esch seng Dieren opmaachen an déi existéierend Infrastrukture wäitesgehend ersetzen. Am Kader vun dëse Planunge sollen all d’CHEM-Spideeler hir Funktiounen no a no un d’Südspidol ofginn.

Des bedeit, dass verschidde Sitten, wéi zum Beispill Nidderkuer, hir Dieren zoumaache wäerten. Wéi d’Wort an engem Artikel vum 14ten Juni beriicht, huet d’Gemeng Déifferdeng Kontakt mam Gesondheetsminister opgeholl fir iwwert spéider Reaktivatiounsmesüre vum Site ze schwätzen.

Dofir hu mir dem Gesondheetsminister folgend Froe gestallt:

  • Kann den Här Gesondheetsminister d’Gespréicher mat der Gemeng Déifferdeng bestätegen? Falls jo, huet de Gesondheetsminister schon eng Preferenz, wat mat de Gebailechkeete vum Spidol geschéie soll?
  • Kann de Gesondheetsminister confirméieren, dass no der Fermeture vum CHEM Nidderkuer déi medizinesch Infrastrukturen um Site erhale bleiwen an d’Gebäi net ofgerappt gëtt?
  • De Buergermeeschter vun Déifferdeng schwätzt dovun, dass een de Site vum Spidol vu Nidderkuer als Complement zum Südspidol kéint gestalten. Vu, dass aktuell am Süden vum Land kee pediatresche Noutdéngscht existéiert (dat nächstgeleeënt Spidol am Fall vun enger Urgence ass den CHL zu Stroossen), wär et fir de Minister denkbar, Servicer vun enger Kannerklinik, eventuell souguer eng Urgence pédiatrique, op de nidderkuerer Site ze installéieren?
  • Falls de Gesondheetsminister kee Projet fir de Site plangt, wéi wäert hien op d’Ewechfale vun der direkter medezinescher Versuergung am Kordall an Ëmgéigend reagéieren?

Nation Branding?

D’Agence Luxembourg for Finance (LFF) huet lescht Woch ee Werbevideo verëffentlecht an dem d’Liewen an d’Schaffen op der Finanzplaz Lëtzebuerg promouvéiert gëtt. Ënnert dem Hashtag #MoveToLux weist de Video eng Wealth-Managerin, déi mat engem 4×4 SUV duerch d’Bëscher rennt an dono op der Marie-Astrid bei engem Pättche Wäin verzielt, wéi flott d’Liewen zu Lëtzebuerg, bzw. am Finanzsecteur, ass. De Koalitiounsaccord priedegt Nohaltegkeet, sozial Kohäsioun an eng responsabel Finanzpolitik. 

An dem Kontext hu mir der Regierung déi folgend Froe gestallt:

  • 1. Wat sinn, an der Regierung hiren Aen, d’Kärmessagen vun dësem Werbevideo? Ass d’Regierung der Meenung, dass dëse Promotiounsvideo de Grondwäerter vum Koalitiounsaccord Rechnung dréit? Falls jo, ënner wéi enger Form?
  • 2. Dovunner ausgoend, dass de Staat um LFF bedeelegt ass – wéi een Afloss hat d’Regierung op de Contenu vun dësem Promotiounsvideo? Verdeedegt d’Regierung d’Aart a Weis wéi Lëtzebuerg an dësem Werbevideo duergestallt gëtt? 
  • 3. Ass de Promotiounsvideo vum LFF zesumme mam “Comité de coordination Inspiring Luxembourg” ausgeschafft ginn? Ass de Message kompatibel mat der Strategie vum “Nation Branding” an?
  • 4. Ass d’Regierung der Meenung, datt een am Hibléck op déi vum Koalitiounsaccord gepriedegt Wäerter zousätzlech misst méi Bescheidenheet a Responsabilitéit als Kärthemen an esou Werbecampagnë integréieren?
  • 5. Wei gesäit fir d’Regierung eng responsabel a nohalteg Promotiounspolitik vun der Finanzplaatz Lëtzebuerg aus? 

Mat déiwem Respekt,
Marc GOERGEN
Député

Soll Kerosin besteiert ginn oder net?

Kritt d’Loftfaart an de nächste Joren eng Kerosinsteier? An den EU-Wahlen war d’Besteierung vum Kerosinverbrauch vu Fligeren ee grousst Thema. Mir wëllen vun der Regierung wëssen, wéi eng Positioun si an Europa vertrëtt.

Fir eis Piraten ass et logesch, dass eng Besteierung vum Kerosinverbrauch d’Präisser vun den Ticketen wäerten an d’Luucht dreiwen. Et ass Aewëscherei, wann d’Regierung am EU-Rot behaapt, d’Mobilitéit vun den EU-Bierger net wëllen anzeschränken a gläichzäiteg d’Präisser vun den Ticketen eropginn, wat ville Läit mat nidderege Léin et nach méi schwéier wäert maachen ze reesen. Mir géifen d’Regierung bieden, hei Neel mat Käpp ze maachen an de Mënsche kloer ze soen, dass d’Reesen an Zukunft méi deier wäert ginn, wann de Pollueur-Payeur-Prinzip zum Asaatz kennt.

Hei ass d’Fro, déi mir der Regierung gestallt hunn:

D’Thema vun der Besteierung vum Kerosinverbrauch war bei den Europawahlen ee grousse Sujet. Hei hunn déi 3 Regierungsparteien sech an engem Questionnaire vum Mouveco fir eng Besteierung vum Kerosinverbrauch ausgeschwat. Aktuell existéieren an der Europäescher Unioun keng verflichtend Steieren op de Kerosinverbrauch.

Am EU-Ministerrot vum 6te Juni huet déi lëtzebuergesch d’Délégatioun ee Punkt abruecht mam Titel “Bekämpfung von Treibhausgasemissionen und Verkehrsüberlastung durch Preisgestaltung im Luftfahrtsektor – Informationen der luxemburgischen Delegation”. D’Dokument erwäänt hei d’Besteierung vum Kerosin als eng
méiglech Optioun.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  1. Wäert d’Regierung sech fir eng Besteierung vum Kerosinverbrauch an der EU asetzen?
  2. Am Rapport vum Ministerrot steet weiderhin, dass et ausser Fro stéing, d’Mobilitéit vun den EU-Bierger ze
    reduzéieren. Kann d’Regierung versëcheren, dass potenziell Ëmweltmesüren an déi dovun ausgoend potenziell Präiserhéijungen d’Mobilitéit vu sozioekonomesch méi schwaachen EU-Bierger net beanträchtege wäerten?
  3. Huet d’Regierung schonn Zeenarien opgestallt, wéi eng Kerosinsteier (oder eng aner Mesure nom Pollueur-
    Payeur-Prinzip) d’Aktivitéite vun der lëtzebuergescher Loftfaart beanträchtege géif?
    • Falls jo, wat wären d’Konsequenze fir de Passagéier- a Cargoverkéier um Findel?
    • Falls nee, wär et net opportun an nächster Zäit esou Analysen an Opdro ze ginn, fir preparéiert un d’Saachen unzegoen?
  4. Strieft d’Regierung ee Réckgang vun de Passagéierzuelen um Findel un?

Mat déiwem Respekt,
GOERGEN Marc
Député