FRO.LU: Poste du Commissaire à l’Education physique et aux Sports

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

Ufanks des Mounts huet de fréiere Commissaire à l’Education physique et aux sports op RTL een Appell un de Ministère gemaach, fir säin Nofollger ze bestëmmen. Dem fréiere Beamten no, brauch een am Ministère net nëmmen ee politesche Beroder, mee och ee Fachexpert am Sportberäich. “Eng Zukunft ouni Commissaire aux Sports bedeit, datt fir déi organiséiert Sportswelt (Comité olympique a Sportfederatiounen a -veräiner) kee fachkënnegen Uspriechpartner méi am Ministère ass, a keen Expert fir nei Impulser aus dem Sportsministère erauszeginn.”

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Gouf de Poste vum Commissaire à l’Education physique et aus Sports mëttlerweil néi besat? Falls nee, ass de Sportminister der Meenung, dass de Sportsministère e Commissaire à l’Education physique et aux Sports brauch?

  2. Wéi vill Beamte schaffe momentan am Sportsministère? Wéi vill vun deene Beamten hunn nogewise Kompetenzen am Beräich Sport, also absolvéiert Studien an de Beräicher vun der Sportwëssenschaft, dem Sportmanagement oder änlechem?

  3. Ass de Minister der Meenung, dass eng Professionaliséierung vum Spëtzesport Hand an Hand mat enger Professionaliséierung vun de Sportveräiner a Federatioune muss goen? Falls jo, wéi eng Schrëtt huet de Sportsministère bis elo an des Richtung gemaach a wat fir Konzepter sollen an Zukunft nach ëmgesat ginn?

Fro n°3072

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz leit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3072

Wéi huet sech Letzshop nom Lockdown entwéckelt?

A menger parlamentarescher Fro n°2176 hat ech de Mëttelstandsminister gefrot, wéi d’Plattform Letzshop sech wärend dem éischte Lockdown entwéckelt huet. De Minister hat verschidden Zuele geliwwert, déi weisen, datt d’Plattform wärend der Kris ee grousse Sprong no vir gemaach huet.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Geschäfter hunn sech, opgelëscht no Gemeng, zënter der leschter Äntwert vum Minister op Letzshop ageschriwwen? Wéi vill Geschäfter hunn sech an Tëschenzäit erëm ofgemellt? 

  2. Wéi vill Produite ginn aktuell op Letzshop ugebueden? Wéi huet sech dës Ziffer zënter der leschter Äntwert entwéckelt?

  3. Wéi vill Klicks goufen an de leschte Méint gezielt? Wéi huet sech dës Ziffer zënter der leschter Äntwert entwéckelt?

  4. Huet sech de positiven Trend vun der Plattform bestätegt a wäert d’Plattform an Zukunft seng Benotzerzuele kënne bäibehalen oder weider kënnen ausbauen?

  5. Wäert d’Plattform ëm iergendwellech nei Funktiounen erweidert ginn?

  6. Ass virgesinn, datt am Fall, wou Letzshop sech definitiv um Marché etabléiert, de Staat sech aus dësem Segment wäert erauszezéien, domat d’Plattform no de Prinzippie vum fräie Marché (ouni de Finanzement vu Steiergelder) funktionéiere kann? • Falls jo, wéi eng Indicateure mussen dofir erreecht ginn? • Falls nee, wéi ass envisagéiert, datt kleng Start-ups d’Chance kréie mat Letzshop op engem Level Playing Field ze konkurréieren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3059

Juegdsyndikater – Eng Nofro

A menger parlamentarescher Fro n°2703 hat ech mech iwwert d’Juegdsyndikater informéiert.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Op d’Fro 1.7 iwwert d’Remuneratioun vum Secrétaire-Trésorier zitéiert d’Ministesch den Artikel 28 Alinea 2 vum Juegdgesetz, dat beseet, dass d’Remuneratioun vum Deel « droit spécial » bezuelt gëtt an net däerf méi héich wéi 8% vum Pachtpräis däerf sinn.  • Wat geschitt an deene Fäll, an deenen d’Remuneratioun vum Sekretär méi wéi 8% vum “droit spécial” bedréit?  • Wëssend, datt d’Konten der d’Naturverwaltung matgedeelt ginn, huet d’Ministesch Kenntnis vun esou Fäll?  • Wéi vill Mol ass et virkomm, dass d’Remuneratioun iwwert den 8% vum “droit spécial” louch?

  2. Wéi d’Ministesch op meng drëtt Fro äntwert:  “”Vu datt duerch d’Reorganisatioun vun de Lousen déi nei Juegdsyndikater näischt méi mat deenen alen ze dinn hunn, mussen déi Dokumenter net iwwerholl ginn. Eng definitiv Ofrechnung vum ale Juegdsyndikat muss bis den 31/12/2021 un den Direkter vun der Naturverwaltung geschéckt ginn.”” Wärend d’Bilanen an d’Rapporte vu private Societéiten um LBR musse publizéiert ginn an do “veréiwegt bleiwen”, kënnen di al Juegdsyndikater hier Dossiere souzesoen “entsuergen”.  • Wär et net besser, wann d’Dossiere vun de Syndikater och géifen an elektronescher Form archivéiert a publizéiert ginn? 

  3. Net fir all vun den iwwert 600 Syndikater fannen sech ëmmer 3 Membres effectifs an 3 Suppleanten. Virun allem, a Fäll vu Wëldschued ass dat ee Problem, wa kee Beschloss ka geholl ginn, well d’Comitésmemberen Interessekonflikter Opweises hunn.  • Wéi gi Situatioune vu Wëldschued gehandhaabt, am Fall wou verschidde Comitéë wéinst Interessekonflikter net beschlussfäeg sinn?

  4. Verschidde Gemenge pachte selwer Juegdlousen a verginn dës dann u Privatpersounen, déi dann d’Juegten däerfen duerchféieren. Et ass mir zougedroe ginn, dass an enger Gemeng am Süde vum Land, d’Gemeng den Juegdterrain onentgeltlech den Jeeër zur Verfügung stellt.  • Huet d’Ëmweltministesch Kenntnis vun esou Praktiken?  • Falls jo, a wéi enge Gemengen ass dëst de Fall?

  5. Bis Enn Januar 2021 ginn d’Steeën vun den neien 621 Juegdlousen ofgehalen. Opgrond vun de COVID19-Mesuren gëtt den Accès zu verschiddene Steeën just den potenzielle Pächter erlaabt, esou steet et a verschiddenen Adjudicatiouns-Annoncen explizitt geschriwwen. Deemno, ass et fir d‘Propriétaire vun Terrainen a ville Fäll onméiglech, fir d’Steeën ze suivéieren an d’Präisser souwéi d’Pächter an hirem Syndikat gewuer ze ginn. Dës Virgoensweis kontrastéiert mam Caractère public vun enger Stee.  • Huet d’Ministesch Kenntnis vun dëser Problematik?  • Ass et virgesinn, fir an dëser spezieller Situatioun de Pächter an/oder de Pachtpräis pro Lous ze publizéieren?  • Ginn all dës Detailer explizitt an eenzel pro Lous vun de Gemengen opgelëscht, am Aklang mam Artikel 13 vum Règlement grand-ducal du 2 septembre 2011 déterminant la procédure et les modalités de l’adjudication publique ?

  6. Wëssend, dass déi „nei“ Juegdsyndikater fir hir Gestioun de Myguichet kënne benotzen an domadder déi aktuell Kadaster- a Proprietärsdonneeën zu all Zäitpunkt zu hirer Verfügung stinn: • Ass virgesinn, dass ee « neie » Besëtzer vun enger Parzell an engem Lous automatesch kontaktéiert gëtt (z.B. per Bréif oder Mail), fir dem Syndikat seng Donnéeën matzedeelen oder gëtt weiderhin op dem Collège des Syndicats an dem Secrétaire-Trésorier hir Beméiungen vertraut, wuel wëssend, dass net ëmmer deen néidegen Engagement am „Propriétaire-siche-goen“ un den Dag geluecht gëtt? Falls d’Ministesch op d’Initiativ vum Juegdsyndikat setzt, wéi gëtt dësen Engagement an Zukunft kontrolléiert? • Wéi kann een neie Proprietär sech informéieren, wien seng Kontaktpersounen an engem bestëmmte Syndikat sinn? Ass virgesinn, eng aktualiséiert Lëscht vun dësen Donnéeën ze publizéieren, eventuell um Site vun der ANF? Oder kréien d’Notairen des Donnéeën matgedeelt fir se un d’Acquereuren vun Terrainen an engem bestëmmte Lous virunzeginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3040

Widderhuelung vun engem Accident am Tunnel Biff op der A13

Lescht Woch koum et am Tunnel Biff op der A13 zu engem Accident, bei deem ee Camion, wéinst senger Héicht, d’Geliichts vum Tunnel matgerappt huet. De Camion war zwar net stieche bliwwen an et gouf glécklecherweis keng Blesséierter, mee den Tunnel huet zäitweis misste gespaart ginn, well d’Beliichtung erofgefall war. Et ass net déi éischte Kéier, dass esou een Accident am Tunnel Biff geschitt. 2013 hat ee Camion d’Poutrellen an dësem Tunnel matgerappt, woubäi eng jonk Fra een déidlechen Accident hat. Grad dofir wär et wichteg, aus dësen Accidenter ze léieren, an dëse Streckenofschnëtt besser ofzesécheren. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann de Minister evaluéieren, ob den Tunnel nom Accident vun 2013 genuch ofgeséchert gouf?

  2. Wéi eng Léiere goufen aus den Accidenter vun 2013 an 2020 am Tunnel Biff gezunn a wéi loossen sech änlech Accidenter an dësem Tunnel an Zukunft verhënneren?

  3. Wéi eng Mesurë wäerten elo vu Ponts & Chaussées geholl ginn, fir dëse Streckenofschnëtt sécherheetstechnesch ze verbesseren? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3037

Ausgesaten Déieren zu Lëtzebuerg

Dëse Mount huet zu Schëffleng een neit Déierenasyl seng Dieren opgemaach, wou bis zu 40 Kazen an 10 Hënn kënnen opgeholl ginn. Et ginn e puer där Déierenasyler ronderëm d’Land, déi nëmmen duerch déi wäertvoll Aarbecht vu fräiwëllegen Déiereschützer oder staatleche Bäihëllefe funktionéieren. Dës Déierenasyler hunn eng wichteg Funktioun, well vill Déieren zu Lëtzebuerg aus verschiddenste Grënn hiert Doheem bei engem Besëtzer verléiere kënnen. Trotz der Chipflicht ginn et nämlech eng Rëtsch Proprietären, déi hier Responsabilitéit vis-à-vis vun engem Déier net wouerhuelen an Déieren, zum Beispill, net chippe loossen an se dann an der Natur oder op oppener Strooss aussetzen. D’Déierenasyler bidden deenen Déieren eng Méiglechkeet op eng Grondversuergung an eng Chance op een Neiufank bei engem neie Besëtzer.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Déierenasyler existéieren aktuell zu Lëtzebuerg a wéi vill Platze fir wéi eng Déiere ginn et, opgelëscht no Déierenasyl?

  2. Wéi vill Déierenasyler wäerten an den nächste Joren nach opgemaach ginn a fir wéi eng Déieren?

  3. D’Déiereschutzgesetz leet an den Artikelen 12 Punkt 3 a 17§2 Punkt 8 d’Aussetze vun Déieren als Strofdot fest, déi tëschent 251€ an 200.000€ kann kaschte.   • Wéi vill Déiere ginn all Joer zu Lëtzebuerg vun hire Proprietären ausgesat, ouni, datt de Proprietär ausfënneg gemaach konnt ginn?  • Wéi oft gouf dës Infraktioun bis elo zu Lëtzebuerg konstatéiert a wéi vill Mol gouf d’Strof am Artikel 17§2 an dësem Kontext applizéiert?

  4. Mam Bezuch op déi vireg Fro, korreléiert Unzuel vun den ausgesatene Déiere mat der Zuel un ausgeschwatene Strofen? Falls nee, wéi eng Pisten envisagéiert de Minister, fir d’wëllt Aussetze vun Déiere besser ze vermeiden?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3033

Allerhellegen-Vakanz verlängeren?

Fir d’Zuel vun de Neiinfektioune mam Coronavirus auszebremsen, huet de belsche Bildungsministère d’Allerhellegen-Vakanz ëm bal eng Woch bis op den 11te November verlängert. Vu, datt d’Zuel vun de Covid-19-Neiinfektiounen hei am Land an de leschten Deeg explodéiert ass, kéint een dës Mesure eventuell och hei applizéieren.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Wäert de Bildungsminister Allerhellegen-Vakanz an de Schoule verlängeren? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3034

Streckeradar am Tunnel Markusbierg

De Minister fir Mobilitéit huet op d’parlamentaresch Fro n°2629 geäntwert, datt geplangt ass, ee weidere Streckeradar an den Tunnel Markusbierg op der A13 ze installéieren. De Minister begrënnt de Choix vum Tunnel Markusbierg domadder, datt an dësem Tunnel vill Accidenter passéiert wieren. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Accidenter gouf et an deene leschten 20 Joer am Tunnel Markusbierg?

  2. Wéi vill Accidenter gouf et an deene leschten 20 Joer an all deenen aneren Autobunnstunnellen hei am Land?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2910

FRO.LU: Ëffentlechen Transport wärend der Coronapandemie

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

Wéi am Reportage „Touristen am ëffentlechen Transport: Wéi Sardinnen an der Béchs?“ op RTL de 25te Juli 2020 geschriwwe gouf, ginn et Kapazitéitsproblemer beim ëffentlechen Transport. Dat war zu enger Zäit, wou ee Groussdeel vun de Leit op den ëffentlechen Transport verzicht hat an deen an der Summerpaus generell manner Passagéier ze transportéieren hat. Enn August mierkt een allerdéngs erëm, wéi d’Densitéit op de Stroossen an am ëffentlechen Transport zouhëlt an d’Gestes Barrières am Bus oder am Zuch net ëmmer agehale kënne ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi héich gëtt d’Ustiechungsgefor am ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg evaluéiert?

  2. Wéi gëtt geplangt, fir de Schülertransport am September esou ze organiséieren, datt en a korrekte sanitäre Konditioune stattfanne kann? Falls dëst net méiglech ass, firwat ass een Decalage vun de Schoulstonnen, zum Beispill fir eeler Schüler, net als Optioun zeréckbehale ginn? 

Fro n°2769

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz leit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2769

CO-Ausstouss vu Rakéiten

Wéi RTL.lu an engem Artikel vun haut beriicht, gouf den éischten a Lëtzebuerg hiergestalltene Satellit an de Weltall geschoss. Dësen Exploit ass fir d’Wirtschaftsplaz Lëtzebuerg sécherlech een Erfolleg a fir d’Regierung sécherlech erfreelech, well d’Regierung sech am Koalitiounsaccord d’Fërderung vum “secteur spatial luxembourgeois” virgehol huet. Allerdéngs sollt een dëse Wirtschaftszweig och aus dem Bléckwénkel vum Klimaschutz betruechten. Wann ee verschidden Ziffere vergläicht, da sinn d’Zäregaser, déi esou eng Rakéit beim Start ausstéisst, beträchtlech. D’Firma SpaceX gëtt zum Beispill un, datt eleng beim Start vun enger Rakéit ronn 336’500 Kilogramm CO2 ausgestouss ginn. Am Vergläich: een Dieselauto, deen 6 Liter op 100 Kilometer verbraucht, stéisst op 15’000 Kilometer – also ronn engem Joer Fueren – ronn 3’000 Kilogramm aus.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Gëtt den CO2-Ausstouss, dee beim Start vu Rakéiten, déi zu Lëtzebuerg entwéckelt an zesummegebaut ginn, an déi lëtzebuergesch CO2-Bilanz matagerechent?

  2. Wéi gedenken d’Ministeren d’Fërderung vu Weltraumprojeten, déi aktuell ouni fossil Energien net maachbar sinn, mat engem effikasse Klimaschutz an der Reduzéierung vun de CO2-Emissiounen ze verbannen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2765

Sécherheet am ëffentlechen Transport

De leschte Samschde koum et an der Stad erëm zu engem Iwwerfall. Eng Fra, déi an hirem Rollator ënnerwee war, wollt an de Bus klammen a krut d’Hëllef vun engem Passant ugebueden. Deen nobel wierkende Passant hat d’Situatioun awer ausgenotzt, fir der Fra an deem Moment de Portmonnien aus dem Rollator ze entwennen an sech duerch d’Bascht ze maachen. Et ass sécherlech keen Eenzelfall, datt et am ëffentlechen Transport oder op Bushaltestellen oder a Garen zu Déifställ oder zu Iwwerfäll kënnt.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass dem Minister bekannt, dass Seniore mat Beanträchtegungen am ëffentlechen Transport oder op Arrêten zu Opfer vun Déifställ oder Iwwerfäll gi sinn? Falls ja, wat fir eng Moossnahmen gi vum Minister ënnerholl, fir dës Leit ze schützen?

  2. Wéi vill Déifställ an Iwwerfäll gouf et an de vergaangene Joren am ëffentlechen Transport oder op Arrêten a Garen?

  3. Wéi eng Pläng huet de Minister, fir d’Bushaltestellen an d’Garen hei am Land fir d’Passagéier méi sécher a méi komfortabel ze maachen?

  4. Wéi gëtt allgemeng fir d’Sécherheet vu Buschaufferen hei am Land gesuergt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2745