Connect with us

Questions parlementaires

CHEM

Zënter 2019 ass d’Urgence am CHEM um Site zu Nidderkuer tëscht 21 Auer a 7 Auer zou. Wärend dëser Zäit assuréiert de CHEM Esch-Uelzecht d’Noutfäll. An der Äntwert op d’Fro n°160 vun 2019 hat den deemolegen Gesondheetsminister präziséiert, dass all d’Proximitéits-Sitten vum CHEM erhale bleiwen an dem Bierger eng net programméiert medezinesch Versuergung daagsiwwer ubidden.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wat fir eng Pläng huet d’Regierung betreffend d’Urgencen op de Proximitéits-Sitten vum CHEM? 

  2. Wéi eng Servicer sollen op déi jeeweileg Sitten dobäikomme bis 2028?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 276

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert