Connect with us

Questions parlementaires

Grouss Feier fir den Inneminister an Ex-Buergermeeschter vu Gréiwemaacher

An engem Artikel vum WORT vum 28te Januar souwéi an engem Tageblatt Artikel vum 20te Januar geet doriwwer Rieds, dass zu Gréiwemaacher een Hommage zu Éieren vum fréieren Maacher Buergermeeschter an aktuellem Inneminister stattfonnt huet, inklusive Cortège mat musikalescher Begleedung vun der Gréiwemaacher Musik an enger Party op der Marie-Astrid.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wien huet d’Käschten vun dësem Hommage bezuelt? 

  2. Weess den Inneminister, wéi vill déi ganz Feier, inklusiv d’Reservatioun vun der Marie-Astrid, kascht huet?

  3. Wéi vill Leit vum Gemengen-Personal a Fräiwëlleger ware fir d’Organisatioun an d’Duerchféiere vun de Feierlechkeeten ageplangt?

  4. Ass et üblech, dass eng Gemeng esou grouss Feiere mécht, wann ee vun hire Bierger:innen ee Mandat kritt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 289

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert